Den Ausseminister Xavier Bettel ass op d’mannst esou een echte Kärel ewéi säi Virgänger Thé national. Als Invité op Radio Lëtzebuerg huet hie monter drop lassgeluecht an ënnert anerem gesot: et ass mir egal, ob den Avortement als Recht oder als Fräiheet an der Verfassung steet; Haaptsaach, hie steet dran. Et wier schéi wann et wouer wier, ma et ass d’Politik dach e bësselche vill vereinfacht. Simplizissimus!

Et ass evident, datt et an de Reien vun de Chrëschtlechsozialen eng Partie Vertrieder gëtt, déi Bedenken hunn, d’Ofdreiwung iwwerhaapt an der Konstitutioun ze verankeren, mol aus ideologeschen Iwwerleeunge, mol aus juristeschen. An där Deputéierte ginn et grad esou an der demokratescher Partei. Doriwwer gouf vill diskutéiert, fir d’éischt an der Fraktioun, duerno an der Interfraktioun, also an der Regierungskoalitioun.
Firwat sos huet d’DP-Presidentin Carole Hartmann eng Géigepropose zu der Gesetzpropositioun Marc Baum (déi Lénk) gemaach?! An deenen zwou Majoritéitsparteien goungen eben d’Meenungen auserneen, an esou huet ee sech an der Koalitioun op d’Formulatioun gëeenegt, datt den Avortement tatsächlech an d’Verfassung kënnt, ma net als Recht, mä als Fräiheet. Awer dorobber schéngt de fréiere Staatsminister just ze päifen. Him sinn d’Iwwerleeungen aus senger eegener Partei egal. Huet hien dat absichtlech gemaach oder war et aus politescher Iwwerflächlechkeet?
Oder éischter: mir ka keen? De Staat Israel brauch Sue fir de Krich géint d’Hamas a verkeeft seng Scholden um internationale Maart. Israeli Bonds nennt sech dat. Eng vun de Spillreegele vun dësem Finanzinstrument besteet doranner, datt een eemol d’Joer sech ka säi Gaaschtland eraussichen. Israel hat decidéiert, vun Irland eriwwer op Lëtzebuerg ze wiesselen. D’CSSF, d’Finanzopsiicht gouf dozou gréngt Liicht, oder éischter: si huet mussen hiren Accord ginn. well déi zweet Spillreegel vun deene Bonds besteet doranner, datt een dat Geschäft just aus dräi Grënn ka verhënneren.
- de Prospekt vum Fong ass net korrekt
- et besti schonn europäesch Sanktiounen op deem Instrument
- oder et besti schonn national Sanktiounen dorobber.
Dat war net de Fall. Der CSSF waren d’Hänn gebonnen! Dat schéngt de Vizepremier net verstanen ze hunn, respektiv hie wëll et net verstoen. Oder geet et ieren drëm, net zouzeginn, datt ee verstanen huet, ma datt een net wëll mam Sujet an Däiwelskiche kommen?! De Chef vun der CSSF hat dem Xavier Bettel e Bréif zoukomme gelooss, mat der Erwaardung, datt vum Ausseminister, am Beschten vun der Regierung e politescht Signal kéim. Den Ex-Staatsminister huet dat am RTL-Interview gréisstendeels ignoréiert an ass Slalom gefuer: Wann ech mech elo géing woen ze soen, – also perséinlech hunn ech meng Meenung-, mä als Minister ze soen, wat si (CSSF) ze maachen hätten, da géing ech muer nees gesot kréien, dat wier net meng Roll, hinnen ze soen, wat si ze maachen hunn.
1000 Mataarbechter bei der CSSF wäerte bei deem Saz vu Begeeschterung eng mon-chéri-Knippchen sacke gelooss hunn. Dat nennt een fale loossen ewéi eng waarm Gromper,, fir selwer esou wéineg ewéi méiglech Fuerf mussen ze bekennen!
‘t ginn eebe Politiker, déi ëmmer da Slalom fueren, wann ee misst Faarw bekennen – dat ass hir Spezialitéit, grad esou wéi déi, sech ongenéiert der Wandrichtung unzepassen-och dat eng typësch Eegenschaft vu Liberalixen, déi sech wonnerbar sou fueren a sech mat enger lässeger, symapthescher Aart a Weis ëmmer (ganz)uewen an de Polit-Barometer rëmfannen. A la luxembougeoise eeben, jo nëmmen net unecken an dee “Fäine” sinn-mä. Trop gentil pour….asw . Wat beim Topic “avortement” awer elo “Recht” oder “Fräiheet” bedeit, ass eng juristesch Fro, den “Normalo” gesäit elo hei awer kee berauschenden Ënnerscheed mä liest hei d’Fräiheet als Recht vun all Fra, een Debat., dee Männer am Fong näischt ugeet, si jiddefalls näischt ze bestëmmen hunn. A besonnësch sou weltfriem “Männer” vun der Una Sancta Catholica, déi formal jo mat deem Sujet,zu deem si sech an der Persoun JCH (zumindest theoretesch) total onqualifizéiert äusseren, mä just aus hirer héchts diskutabler Vue als “Katholik” verbal opblosen, well se sech an hirer “MIssioun” gesinn, sollte sech besser zréckhalen. Hei gëlle ganz aner Virgaben an der oft batterer Realitéit vu Fraen, déi sécherlech net gutt dru sinn an déi vun der Catholica kaum Hëllef an hirer Situatioun erwaarde kënnen. Och wann den Avortement natierlech net fir d’Dokteren zur Pflicht sollt ginn, sou ass awer déi moralesch Pflicht fir ee Staat, déi Méiglechkeet als RECHT an der Constitutioun ze verankeren duerchaus ee vesrtändleche Virstouss vum Deputéierte Marc BAUM , deen ze begréissen ass – am Sënn vun de FraëRECHTER!