Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Politik

Déi Gréng: arem oder aremséileg? 

Déi Gréng: arem oder aremséileg?
rtl.lu

Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat. An déi hate virun allem zum Zil, déi ze entlaaschten, déi scho vill hunn”. Si hu vergiess ze soen, datt dat bei enger linearer Steierreform déi normaalste Saach vun der Welt ass; a si hu vergiess ze soen, datt och si den Dadder hunn, fir de Problem endlech ze léisen.

Ugeholl, et kënnt zu enger Steiererliichterung vun 10 Prozent. De Steemetzer mat engem Joresakommes vu 40.000 € spiert déi Erliichterung iwwerhaapt net, well hie souwisou keng Steiere bezilt; de Gemengebeamten matt engem Verdéngscht vu 87.000€ op 12 Méint ka sech scho méi freeën, a fir de Riichter mat enger Joresenveloppe vun 220.000€ ass d’Welt wuel méi ewéi an der Rei. Dobäi ass de System alles aneschters ewéi fair a gerecht.

Allerdéngs ass dat Alles net nei! Sozial Selektivitéit nennt sech d’Léisung….déi kee Politiker wëll. Et misst een nämlech de Courage hunn, fir ze bestëmmen, wien en décken a wien e platte Portmonni huet; an anere Wieder, et misst ee festleeën, wie vun der Steiererliichterung profitéiert a wien net. Dat géif natierlech zu vill Geschnadders an der Gesellschaft féieren! Kamikaze fir Politiker a Partei!

Well och hei géifen et vill reell a subjektiv gefillten Ongerechtegkeete ginn. Iwwerspëtzt formuléiert: d’Politik misst decidéieren, wien zu den Aarmen a wien zu de Räiche gehéiert. An da kann et zum Beispill virkommen, datt eng Persoun déi sech grad gutt am Job eropgeschafft huet an eng Gehaltsopbesserung krut, wéinst engem Euro ze vill an der Täsch bei der Steiererliichterung eidel ausgeet, an datt säin Aarbechtskolleeg -liddereg ewéi Mëscht- voll vum System profitéiert an ënner dem Stréch méi Cash huet.

Wann déi Gréng sollten esou éierlech a konsequent sinn wéi si dat ëmmer gären an d’Vitrinn stellen, missten si déi Hausaufgab séier nohuelen: man nenne Ross und Reiter! Ma och dës Partei wäert wuel net deen néidege Courage hunn. Hir 20 Propositiounen fir d’Aarmut ze bekämpfen, héieren sech wuel nobel un, ma schloen dach an d’Geld, an de Staatsbeidel; a wann een dann zugläich ze verstoe gëtt, dat eng staark Wirtschaft eigentlech guer net esou wichteg ass, dann huet een sech selwer an de politeschen Abseits manövréiert!

Related posts

2 Comments

  1. Frank Bertemes

    Egal wat fir eng Partei Proposen zu enger klassëscher “Steierreform” reng nom Loun- a Gehaltsakommes mécht, mir maachen an der Aschätzung vun “aarm” a “räich” reng op der Lounsteier menger Meenung no ee groussen Denkfeeler, nämlech eeben déi monatlech Lounsteier no Steiertabell. Wéi “räich” een ass, definéiert sech net nëmmen nom monatleche Revenu opgrond vun engem Beschäftegungsverhältnis, mä nom reellen Akommes no de perséineche Besëtzverhältnisser. Och eng Persoun, déi vläicht wéineg am Mount verdéngt oder eng niddreg Pensioun bezitt, kann absolut räich sinn – vill Geld um Kont bspw. no Ierfschaft hunn, iwwer Immobiliebesëtz verfügen (Loyerën asw. kasséieren), deier Bijouën hunn asw…Duerfir sollt d’Politik ee Modell vu renge monatlechen Akonten no reellem Besëtz laut Joressteiererklärung ausschaffen, deen domat och verhënnert, datt een dee méi monatlech verdéngt wéi een aneren tatsächlech no enger “Steiereform” netto manner huet wéi een, dee virdrun manner netto hat wéi déi betreffend Persoun., awer da méi bezitt. A menger berufflecher Zäit hate mir an der Pensiounsversécherung eng entspriechend Diskussioun am Kontext vun deenen ominéisen Antikumulbestëmmungen, wou beispiilsweis Revenuën aus Loyeren net considéréiert ginn. Do si Witfraen, déi z.B. dräi Appartementer verlount hunn an näischt vun hirer Witwepensioun laut Antikumulbestëmmungen ofgezu kréien, am Géigesaz zu Witfraen, déi eng minimal Mammerent (forfait d’éducation) bezéien an doduerch ënner d’Antikumulbestëmmunge falen – eigentlech ee Witz-mä kee Politiker wollt sech dorunn d’Fanger verbrennen. Duerfir géif ech an der Lounsteier vläicht emol eng ganz aner Philosophie erabréngen a mol nom reele Revenu vun engem Contribuabel besteieren-wat alles géif änneren, awer villes méi gerecht gestalte kéint, oder net? Dat wär natierlech ee Paradigmewiessel, dee sou munches no sech zitt….

  2. Phil

    Hmm… dat kennt effektiv drop un aus welchem Bléckwénkel een dat kuckt…
    Arem am Sënn vun “materiell” sin déi dräi op Grond vun hirer Tätegkeet jo bestëmmt net.
    Aremséileg am Sënn vun “politischem Versteeesdemech” – tjo, do kommen engem tatsächlech Zweifel…
    Trotz allem gett jo awer Trouscht “Selig die Armen im Geiste, denn ihnen ist das Himmelreich”.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *