Recent Posts

Post Categories

Ein Gerichtshof im Fadenkreuz 
Überwachen und Strafen im Digitalzeitalter Der Franzose Nicolas Guillou, Richter am Internationalen Strafgerichtshof (IStGH) in Den Haag, wurde im August...
L’embarrassant Monsieur (Fernand) Kartheiser… 
…dat ass d’Iwwerschrëft vun engem rezenten Artikel am renomméierte franséische Magazine l’EXPRESS. D’Journalistin Charlotte LaLanne schreift vun enger Rencontre, déi...
Ärger um Mercosur 
Mit Sturm ist da nichts einzunehmen; Wir müssen uns zur List bequemen. Johann Wolfgang von Goethe (1749 – 1832)  ...
D’Sozialisten an der midlife crisis 
D’Liewen ass kee Kichelchen an d’Politik bei wäitem keng Kooperative. Déi Erfarung mécht grad déi Genossenschaft, déi sech witzegerweis ëmmer...

Blog Post

Kultur

Lieserbréif: Fir wéi domm hält de Kulturminister eis eigentlech ? 

Lieserbréif: Fir wéi domm hält de Kulturminister eis eigentlech ?
Privat/ChatGTP

Fir wéi domm hält de Kulturminister Thill eigentlech seng Wieler? Dës Fro hunn ech mir gestallt, wéi ech Uganks Mäerz en Artikel iwwer dem Piraten-Deputéierte Marc Goergen seng parlamentaresch Ufro vum 11.02.2026 iwwer d’Konschtbiennale 2026 zu Venedeg gelies hunn. Do geet Rieds vun der zäitgenössescher belscher Kënschtlerin Aline Bouvy hirem Projet « La Merde », dee mat insgesamt 540.000€ zu Buch schléit. Wann ech den Artikel richteg verstan hunn, ass et de Kulturministère, deen déi Käschte gréisstendeels dréit. Et geet hei net dorëm, iwwer déi kënschtlerech Renomméee vum Aline Bouvy ze debattéieren.

Privat/ChatGTP

Et ass „schlicht an einfach“ eng Frechheet, wann eis Steiersuen esou verbëtzt ginn, an dat zu engem Moment, wou vill Leit – bedingt duerch déi héich Loyeren an duerch d’Energiepräisser, déi reegelecht explodéieren – um Enn vum Mount net méi mat deenen zwee Enner zesumme kommen.

Ech hu scho vill Wierker an Installatioune vu Kënschler, déi hei am Land wunnen a schaffen, gesinn, déi et duerchaus och der Wäert wieren, fir zu Venedeg gewisen ze ginn an déi bestëmmt vill méi bëlleg géife ginn. Ech nennen do als Beispiller de Jean-Marie Biwer, de Moritz Ney, d’Patricia Lippert oder och eng Rei Kënschtler, déi hiren Atelier op der Schläifmillen hunn. Onerklärlecherweis ass deene meeschte Lëtzebuerger Kënschtler bis elo ëmmer de Wee fir an de MUDAM verspaart ginn.

Dem Faass de Buedem aus schléit awer d’Informatioun, datt de Kulturminister mat senger Delegatioun per

Privat/ChatGTP

Fliger op Venedeg reest fir – wéi et am Artikel heescht – „duerch seng Presenz a seng offiziell Participatioun un der Biennale zur internationaler Sichtbarkeet vun de Lëtzebuerger Kënschler bäizedroen.“ Aus dem Artikel geet net ervir, ob de Minister Thill a seng Delegatioun dann elo mat engem Linieflug op Venedeg flitt oder ob e Privatjet gelount gëtt. Mee egal mat wat fir engem Fliger si fléien, dat ass eng zweet op de Bak vun der Wielerschaft. Éischtens ass en Deplacement mam Fliger – egal ob mat eiser nationaler Fluggesellschaft oder mat engem Privatjet – vill méi deier wéi en Deplacement mam Bus oder mam Zuch, zweetens ass deen Deplacement mam Fliger alles aneres wéi klimafrëndlech. An da kréie mir vun eise Politiker gesot, mir sollen eppes géint de Klimawandel maachen!! Dat erënnert mech un en Zitat aus der Bibel: „Se hu Waasser gepriedegt a selwer Wäi gedronk.“

D’Fro iwwer d’Noutwendegkeet vun der Presenz vun engem Kulturminister op der Biennale zu Venedeg zweiwelen ech och un. Ech wëll den Här Thill drun erënneren, datt dat Wuert « minister » aus dem Latäin kënnt an esou vill heescht wéi « serviteur », also souzesoen « Diener des Volkes ». Wann ech d’Äntwert ob dem Marc Goergen seng parlamentaresch Ufro liesen, hunn ech awer éischter d’Impressioun, datt de Minister Thill de Spiiss ëmdréint a mengt, datt d’Vollek him misst déngen.

Henri Fischbach

Previous

Lieserbréif: Fir wéi domm hält de Kulturminister eis eigentlech ?

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *