D’Finanzwelt ass en haart Geschäft. Dobäi ass et een ultra-sensibelt Konstrukt: e Wuert an der Ëffentlechkeet ze vill an et fält a sech zesummen ewéi e Kaartespill; ze vergläiche mam Päiperlek, deen an d’Flilleke klappt an esou op der anerer Säit vun der Weltkugel en Tsunami ausléist. Mir erliewe grad esou een Ablack tëscht London a Lëtzebuerg. Op der Hallefinsel gouf nämlech eng Klengegkeet am Steierregimm ofgeschaafen, dat allerdéngs kéint zu engem Äerdbiewe féieren. Et betrëfft de sougenannten non-dom.
Déi Reegelung huet déi lescht Joerzéngte fir Leit gegollen, déi zwar a Groussbritannien geliewt hunn, hire permanente Wunnsëtz allerdéngs am Ausland haten. Et gouf den Ënnerscheed gemaach tëscht Wunnsëtz an Domizil. Mat deem Éischten ass d’Plaz gemengt, wou ee sech physesch ophält, bei deem Zweeten handelt et sech ëm deen Eck vun der Welt, dee kann. als Heemecht a Fro kommen. An anere Wieder: et huet een op der Insel gelieft an nawell konnt ee säin Domizil am Ausland uginn. Dat hat grouss Auswierkungen op d’Finanzen, vu Privatpersounen esou gutt ewéi vu Betriber.
Een NON-DOM huet nämlech just da musse Steiere bezuelen, wann hie seng Recetten aus dem Ausland op e Konto a Groussbritannien iwwerwisen huet; blouf dat Geld am Ausland, hu keng Steiere musse bezuelt ginn. Dëse Punkt gouf viru 5 Méint fale gelooss a ganz rezent elo huet de Rush op de Grand-Duché ugefaangen. Advent International Corporation war alles aneschters ewéi déi Éischt, fir hir Plënneraktioun bekannt ze ginn; esou schreift d’Financial Times schreift…”joins other top investors and entrepreneurs who have quit the UK since the Labour government made the tax code less favourable to wealthy individuals and private equity executives. ”
Domadder ass de Bonus vun deene Fongeverwalter gemengt, deen nawell gären an d’Millioune geet.

D’Labour-Partei huet déi komplett steierlech Vergënschtegung ofgeschaafen – wuel zum Deel aus ideologesche Grënn, awer och fir zousätzlech Recetten an de Staatsbeidel ze kréien-, mam Resultat, datt esou Gesellschaften net méi un der Finanzplaz London interesséiert sinn, nom Motto: d’Haut ass engem méi no ewéi d’Hiem. An esou plënneren nieft Advent – déi scho virdrun eng Néierloossung zu Lëtzebuerch hat- de Matgrënner vu Revolut Nik Storonsky, de Stolbaron Lakshmi Mittal, den ägypteschen Industriellen Nassef Sawiris an de Bertrand Coste vun der Schlumberger Pëtrol-Dynastie vun enger Weltstad an d’Provënz Lëtzebuerg.
Also engersäits Kiss my as, anerersäits Kinderlein o kommet zu mir. Dat kann ee moralesch verwerflech fannen – esou gutt vun den Investisseuren ewéi vun der lëtzebuerger Finanzpolitik-, ma et ass eng Léierstonn fir d’Gauche am allgemengen. Eng Gauche déi och bei eis der Meenung ass, et kéint een zousätzlech 2 Prozent vun de Super-Räichen spilles ofverlaangen, ouni datt déi sech mucksen. D’Labour-Partei kann zanter e puer Deeg e Liddchen dovunner matsangen…an d’Schwäizer hunn iwwer de Weekend per Referendum op esou eng Steier verzicht!
Ënnendrënner de link zum Artikel vun der Financial Times