Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Logement

Immobilien: méi kleng Bréidercher géifen dem Secteur guttdoen 

Immobilien: méi kleng Bréidercher géifen dem Secteur guttdoen
Photo de Kindel Media: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/main-propriete-miniature-acheter-7579354/

Lénks a riets héieren ech, datt et dem Immobiliesecteur besser geet. Et géif nees méi kaf, respektiv verkaf ginn. Dat ass gutt fir d’Land, fir Hausbesëtzer a fir déi, déi et wëlle ginn. An de Papa Staat verdéngt schliisslech mat. Déi besser Geschäfter betreffen allerdéngs an der Haaptsaach déi existent Substanz, also Haiser a Residenzen, déi scho bestinn. Nei Projeten ginn et net vill.

An e bësselche platt sinn ech dach, wann ech feststelle muss, wéi vill där Immobilienagencen op engem Samschdeg hire Buttek zouloossen. Freides Owes gëtt den Trottoir eropgeklappt an dann ass Funkstille bis Méindes Moies! Ech soen net, datt déi Leit näischt déite schaffen, – am Géigendeel, si schaffe reegelméisseg Owes spéit-,mä ausgerechent op engem Samschdeg d’Jalousien erofloossen, ass dach wuel éischter en Zeechen no bausse gesat, datt et engem esou schlecht net geet!

D’Clientèle, déi op der Sich ass fir eppes ze lounen oder ze kafen, muss dann tatsächlech am Laf vun der Woch a vun de Wochen wärend hirer Aarbechtszäit sech d’Haiser an Appartementer ukucke goen, wann et net aneschters méiglech ass, am Laf vum däischteren Owend. Vill Agencen maache keng Visitten um Samschdeg, et ass ee sech sécher, datt d’Interessenten op si ugewisen sin,

Photo de Meruyert Gonullu: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/hommes-maison-porte-appartement-8978578/

A wann dann tatsächlech Kris ass, da gëtt gejaut, dem Papa Staat um Paltong gezunn fir gehollef ze kréien; dobäi misst een sech selwer hannerfroen: ass ee gutt opgestallt? Gutt an der Equipe organiséiert?  Um Samschdeg den Haiserbazar net opzemaachen, bedeit jo näischt aneschters, ewéi datt een et net néideg huet,

“Den Invest an nei Projeten stagnéiert”

Den Ament hunn d’Geschäfter sech effektiv erholl, an zwar ouni datt d’Immobiliepräisser vill drënner gelidden hätten: eng Sozialwunnecht kritt een ëmmer nach fir ëm déi 700.000€, eng déck Staang Geld. Eng ganz Partie Proprietären hunn awer déi lescht Joer keng Terrainen a keng Wunnechte op de marché gesat aus Angscht, dobäi Pätter ze ginn, also net zum erwënschten Deus Meus ze kommen. Promoteuren hunn et net vill aneschters gemaach, wat ëmsou méi zu enger Stagnatioun vun der Offer bäigedroen huet.

Donieft sécheren sech d’Promoteuren och ëmmer méi of, besonnesch wann et sech em richteg grouss Residenzen oder sos gréisser Projeten handelt, wou also de finanziellen Asaz deementspriechend héich ass. De Fall gesat, et gëtt esou eng Residenz zu Klengwäinheffen gebaut: de Promoteur geet hin a grënnt eng Gesellschaft mam Numm Klengwäinheffen. Weider de Fall gesat, de Promoteur huet sech verkuckt, verrechent, huet net genuch Suen am Beidel a mécht Faillite. Dann ass et eleng déi Gesellschaft Klengwäinheffen, déi d’Schëpp am Sand stoe léisst; dem Promoteur seng zeg aner Societéiten bleiwe bestoen a kënnen normal weiderschaffen.

Photo de Jakub Zerdzicki: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/maisons-miniatures-avec-cles-sur-le-bureau-33305177/

Dat ass op eng Manéier gutt fir de ganzen Immobiliesecteur, well op déi Manéier zwou Saache verhënnert ginn. engersäits musse just eng kleng Zuel vun Ugestellten entlooss ginn an ee gewëssenen Deel ka schonn den Dag drop vun enger anerer Gesellschaft ugestallt ginn, déi deem nämmlechte Promoteur gehéiert. Anerersäits gëtt den effet boule-de-neige ëmgaangen; kleng Faillitten verdaut de Secteur besser ewéi eng richteg grouss. Ma och de klengen Investisseur, also deejéinegen deen op der Sich ass no enger Wunnecht, huet de Kapp eragezunn, d’Hand fest um Portmonni.

Et huet sech nämlech erëmgeschwat, datt et duerchaus riskéiert ka sinn an en Haus oder Appartement ze investéieren, dat nach net do steet, dat nach muss gebaut ginn. Dat ass e laange Wee ze goen fir den Entrepreneur, dee méiglecherweis net genuch Liquiditéiten huet, fir eng Duuschtstreck vun zwee Joer ze packen! Am Fall vun enger Faillitte ass de klengen Investisseur in fine deen Dommen: hien ass kontraktuell un eng Bank gebonnen, huet déi eng oder aner Avance bezuelt a sëtzt souzesoen op der Strooss!

Natierlech geet een dann op d’Geriicht, ma dat kascht och nees Suen, an eis Magistratur huet eng  méi ewéi generéis Interpretatioun vum délai raisonnable. 5 Joer waarden ass normal, 5 Joer verlueren Zäit, 5 Joer strapazéiert Nerven!

“Ëmdenken: méi kleng bauen!”

Eng Sozialwunnechten vun 700.000 Euro kënnen sech der vill net leeschten: entweder si kréien d’Suen net vun der Bank zur Verfügung gestalt oder awer si hunn ziddereg Knéien, esou vill Geld léinen ze goen. Schweessege Bammel, den éiwege Kniecht vum Grousskapital ze sinn, seng Séil mat an d’Bingo-Trommel ze werfen…, alles Gedanken déi wuel déi meescht vun eis an der Jugend gefouert hunn an deementspriechend kënnen novollzéien; et ass awer elo un der Zäit, deene Jonken politesch entgéintzekommen. D’Anemie am Logement riskéiert, explosiv ze ginn!

Wa schonn de Quadratmeter Wunnraum esou deier ass, da kann ee just spueren, andeem een d’Zuel vun deene Quadrater

Photo de Pixabay: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/balcons-de-chambre-358499/

erofsetzt! An zwar geheiereg. Net just erof op e klengen Appartement, ma op d’Gréisst vun engem “Studio”. D’Prioritéit kréichen fir déi Zort Studentewunnechten jonk Leit tëscht 18 an 30 Joer. Esou ee “Studio” hätt fir eng ganz Partie Jonker de Virdeel, iwwerhaapt kënne mat un den Depart ze goen fir d’Juegd op eng eege Wunneng.

  • D’Chancë stinn nämlech zimmlech gutt, vun der Bank Sue geléint ze kréien. Ee Studio kascht tëscht 250.000 a 560.000 Euro. Fir mäi Beispill decidéiert sech e jonke Mënsch fir en ‘objet’ an der Präislag vun 350.000 Euro.
  • Am Plaz deiere Loyer bezilt hien all Mount 1800 Euro op seng Schold. No 10 Joer huet hien der ronn 220.000 zeréckbezuelt. D’Persoun kann drun denken, en zweete Prêt ze maachen, engersäits fir déi 180 Mille vum 1. Prêt ze rembourséieren, anerersäits fir eppes e bësselche méi Grousses ze kafen.
  • D’Persoun kënnt an den Alter, eng Familljen ze grënnen, also och eng Wirtschaftsunioun anzegoen. Ideal wär natierlech d’Situatioun, wann de Partner virdrun och an e Studio investéiert hätt; zesummen hätten si bäino eng hallef Millioun beieneen. Der Koppel hirem Wunngléck stéing ze soen näischt méi am Wee!

Ass et esou einfach? Ass de Mënsch zu Lëtzebuerg dozou bereet, besonnesch wann ee weess, datt 54 Prozent vun eise Wunnengen iwwer 120 Quadratmeter grouss sinn? An d’Promoteuren? Gesetzlech misst op d’mannst festgeluecht ginn, datt an all nei Residenz e Prozentsaz “x” vun der Bausubstanz misst fir “Studio” reservéiert sinn, woubäi Ausnamen net auszeschléisse sinn. Dat Ganzt misst deementspriechend vu Staat a Gemengen promovéiert ginn, zesumme mat de Banken an engem responsabelen Partenariat.

Déi Banken ginn zanter bal 20 Joer an d’Schoulen sech an de Finanzsecteur virstellen. Wier et net och un der Zäit, den Immobiliesecteur mat an d’Boot ze huelen? Et ass schliisslech do, wou de Schong am meeschten dréckt!

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *