D’Finanzplaz spréngt nees am Quadrat! D’Politik fänkt och un, onroueg ze ginn. Nach steet d’Festung, ma Strateegen schaffen un engem Projet, fir se op en Neits ze schläifen. Déi Strateege kommen au,s Frankräich; besonnesch d’Fongenindustrie – wou Lëtzebuerg Europameeschter ass-kéint dobäi gréissere Schued erwëschen. De Projet nennt sech ESMA (Autorité européenne des marchés financiers).
Déi Autoritéit gëtt et schonn zanter 2011. Si gouf an d’Liewe geruff als Reaktioun op d’Finanzkris. An hirem Aufgabebichelchen steet ë.a. geschriwwen:
- Renforcer la protection des investisseurs à travers l’UE.
- Promouvoir des marchés financiers stables et ordonnés.
- Contribuer à la stabilité du système financier de l’Union européenne.
Liest sech harmlos. D’ESMA ass eng Zort europäesch CSSF, eng europäesch Autoritéit, fir d’Finanzwelt um ale Kontinent ze superviséieren an ze harmoniséieren. Dës Administratioun soll allerdéngs opgespeckt ginn, géif zoustänneg ginn fir déi direkt Iwwerwaachung vu Finanzaktivitéiten an der Cyber-Welt, besonnesch vu Prestatairen déi als systeemesch gëllen. Domadder ginn déi national Iwwerwaachungsautoritéiten -ewéi bei eis d’CSSF – zu Zweetklassmuppen. Déi nei Zentral vun der Muecht wär zu Paräis. Nachtigall, ik hör dir piepsen!

Et ass duerchaus domadder ze rechnen, datt grouss Fongen de Grand-Duché verloossen an a Frankräich plënneren. Paräis zitt unn wéi senger Zäit Versailles déi franséisch Aristokratie. Eisen Noper hätt dann zwou Mécken mat engem Schlag. Engersäits eng europäesch Verwaltung mat de wichtegste Schalthiewel, anerersäits eng gutt Geleeënheet, Revanche op Lëtzebuerg ze huelen.
Wéi nämlech 1988 déi europäesch Direktive iwwer d’UCITS ënnerwee war, hat Lëtzebuerg si schonn den Dag drop an nationaalt Recht ëmgesat, nom Motto: den Éischten ass vir; an tatsächlech, et war den Ufank vun enger Success story: zanterhier huet sech de Secteur vun den Investmentfongen permanent entwéckelt an dee klenge Grand-Duché huet Frankräich am Ranking iwwerholl mat engem Kapital vun iwwer 6000 Milliarden (!) a gouf zum neien Europameeschter. Revanchismus à la française wier deemno ze verstoen, och wann et vum franséische Wirtschaftsminister Bruno le Maire heescht: “Nous voulons avancer avec les Luxembourgeois dans ce dossier”.
“Eng Iwwerdosis Paperassen”
Wann een all national Gesetzer, Reglementer an europäesch Direktiven zesummerechent, kënnt een op 95.500 Säiten Text, déi eis Finanzplaz encadréieren, iwwerwaachen, ënnerdrécken. Keen eenzegen huet déi Säiten all gelies, ma eng Bank déi zousätzlech och an de Fongen aktiv ass, muss de Gros dovunner intus hunn. Eng Bureaukratie déi déck an de

Portmonni schléit. An elo kënnt en neit Monster dobäi. Den Ament schaffen zwar just 538 Persounen an där ESMA, mä wann hier déi nei Pouvoiren bis iwwerdroe goufen, ass séier mat engem Staff ewéi am Kreml ze rechnen (3100). D’Fro ass da berechtegt – ouni wolle Panik ze maachen-, ob d’CSSF sech nach déi ablacklech 1000 Salarié ka leeschten.
Virun allem bedeit dës ESMA en Aschnëtt an de Wirtschaftsmodell vun der Finanzplaz Lëtzebuerg, déi net méi eleng no hirem Gusto an no hirem Tempo kann agéieren. Op eng gewësse Manéier ginn hir d’Hänn gebonnen an et ass net auszeschléissen, datt hier op länger Siicht de Sauerstoff verluer geet!
Et héiert een, datt de Finanzminister sech dees bewosst ass. Leider ginn et net vill Politiker, déi eppes dovunner verstinn; et gëtt der méi déi d’Steierrecette just wëlle verdeelen a kategoresch d’Fro refuséieren, wouhier dee Räichtum kënnt! D’Debatten am Parlament iwwer de Staatsbudget hunn dat op en Neits confirméiert.