Vum Cumul vun de politesche Mandater

0
409
Image par Gerd Altmann de Pixabay

D’Vollek ass de Souverän! D’Vollek decidéiert, wat an der Politik ze geschéien huet. Op d’mannst all 5 Joer eng Kéier, wann Wahle sinn. Tëschenduerch gëtt Drock op Regierung an Oppositioun gemaach, wéi zum Beispill wat de Cumul vun de politesche Mandater betrëfft. Et sollt, et misst een domadder ophéieren, et géing net méi an e modernt politescht Ëmfeld erapassen. Ass dat esou? Et kann ee jo bei d’Fransousen eriwwer luussen, déi eis op deem Punkt e Schrack viraus sinn.

D’Grande Nation huet dee Cumul zanter 7 Joer ofgeschafen an den L’EXPRESS (No 3654) stellt sech d’Fro: et si c’était une erreur? Am Artikel kënnt de fréiere Staatspresident François Hollande zu Wuert, deen drun erënnert, datt am Joer 2013 58 Prozent vun de Fransousen dogéint waren, datt e Buergermeeschter och Deputéierten oder Senateur konnt sinn.

Plus qu’un enthousiasme débordant, c’est la volonté d’accompagner les désirs des citoyens qui a poussé l’exécutif à franchir le pas! D’Gesetz gouf 2014 ugeholl, am Glawen, et richteg gemaach ze hunn: d’Aarbecht vum Parlamentarier hätt am Laf vun de Joerzéngten därmoossen zougeholl, datt him net déi néideg Zäit fir en zousätzlecht Mandat géing iwwereg bleiwen. Rieds goung deemools vun der Professionalisatioun vun der Assemblée. D’Resultat sollt also sinn, eng qualitativ besser Aarbecht vum Volleksvertrieder.

Donieft war d’Versuchung grouss, datt en député-maire éischter fir seng Gemeng geschafft huet ewéi fir d’Land. A Frankräich kommen awer elo d’Verdeedeger vun deem Cumul op de Plang, mat der Meenung, datt mat deem Gesetz de Broch tëscht dem Vollek an der Politik nach méi staark gouf. Den Deputéierten géing dacks net méi wëssen, mat wéi enger politescher Laun de franséische Bierger Moies déit opstoen.

An de leschte Regionalwahlen haten extreem wéineg Bierger hir Stëmm ofginn, an et gëtt no den Ursaachen gefuerscht. Le Président de l’assemblée nationale, Richard Ferrand, s’interroge sur le lien entre la règle du non-cumul et le désintérêt électoral. Verschidde Gewielten sinn der Meenung, mam Gesetz hätt een de Géigendeel areecht vun deem wat ee wollt: d’Gewiicht vum Parlamentarier wier net méi schwéier, ma méi liicht ginn!

Aus dem Deputéierten wier eng Zort Blummendëppen entstanen: gewielt fir am Parlament mat JO oder mat NEEN ofzestëmmen – esou wéi hien dat vu senger Partei virgeschriwwe kritt- a fir de Rescht keng Kontakter mam Bierger, deen an enger fréierer Welt de Mann vun der Strooss genannt gouf. Den Interessi vun deem Mann huet parallel och ofgeholl, wéi de François Hollande ze bedenke gëtt. “Pourquoi solliciter un parlementaire? Que peut-il régler localement?”

“…keen an näischt ass esou volatil wéi d’Vollek!…”

An engem rezente Sondage soen 57 Prozent vun de Fransousen exakt de Géigendeel vun deem virun 8 Joer; si gesinn d’Méiglechkeet vum Cumul vu politesche Mandater duerchaus positiv, wéi zum Beispill de Cumul vun engem nationale Mandat mat deem als Buergermeeschter vun enger Stad mat manner wéi 10.000 Awunner! Deen Ënnerscheed tëscht klenger a grousser Stad sief dohinner gestallt, de Fransous huet seng Meenung opginn, datt de Cumul just do ass, fir dem député-maire säi portemonni opzefëllen.

Wou ass de politeschen Notzen, wann d’Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg just um Knuedler siegéiert an net méi um Krautmaart? D’Lydie Polfer misst sech permanent informéieren iwwer déi ablécklech Aktualitéit um Krautmaart, a virun allem, si kréich net méi esou Hautno mat, op wéi eng Manéier e Gesetzprojet a Parlamentskommissioun an am Plenum diskutéiert, kommentéiert a schliisslech ofgestëmmt gëtt.

D’nämmlecht ass et fir de Buergermeeschter vun Esch an och fir deen aus der Nord-Haaptstad Ettelbréck. Datt esou Député-maire an der Haaptsaach fir hir eege Gemeng schaffen, ass normal. Ass dat onbedéngt schlecht? Mir wënschen eis dach Politiker, déi no beim Bierger sinn!

 

KOMMENTAAR

Please enter your comment!
Please enter your name here