Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Vive eng CO2-Steier! Oder awer dach net? 

Vive eng CO2-Steier! Oder awer dach net?
Image parMichael Wirth de Pixabay

am leschte Politbarometer soten sech 62 Prozent vun de Leit dermatter averstaanen, d’CO2-Steier un d’Päersstäerkt vum Weenchen ze koppelen, nom Motto vum pollueur/payeur. Ouni déi Steier direkt ze verdaamen, erlaben ech mir, d’Resultat vun deem Sondage a Fro ze stellen. D’Iddi ass nämlech net nei! De fréieren Ëmweltminister Lucien Lux war viru ronn 10 Joer mat enger präisslecher Hausse vun der Autosteier komm…an hat séier mussen zeréckrudderen, mam Resultat, datt hien net erëmgewiélt gouf. Kale Kaffi! soen der do a verweisen op déi ëmmer méi hefteg Diskussiounen iwwer de Klimawiessel an och e bësselchen op d’Gretha Thunberg. Ech si mir allerdéngs net esou sécher, datt d’Mentalitéit sech am Laf vun de Joer zu Lëtzebuerg tatsächlech geännert huet! Ëmmerhinn goufen et bannent engem Joer ronn 49.000 nei Immatrikulatiounen, wat enorm ass. Et gëtt mat engem Rekord gerechent, an e bësselche schimmeg weist een drop hinn, datt um nächsten Autosalon och elektresch Kutschen wäerten ze gesi sinn.

Image parJörg Buntrock de Pixabay

Eng CO2-Steier ass esou gerecht an ongerecht, wéi all aner Zort Steier och! An trotzdeem muss probéiert ginn, och eng CO2-Steier esou sozial wéi nëmme méiglech ze halen. Den Hiweis op d’gilets jaunes a Frankräich huet schonn e Baart, an dach ass et gutt, drun ze erënneren, datt et sech dobäi fir eng Kategorie vu Leit ëm déi lescht Drëps gehandelt huet, déi d’Faass zum Iwwerlaafe bruecht huet, fir déi d’Politik vum Macron esou wäit ewech ass vum Vollek, wéi den Nord- vum Südpol!

De Prinzip vum pollueur/payeur ass awer richteg, virausgesat, hie gëtt korrekt applizéiert! Eleng d’Päersstäerkt geet net duer! Ech kéint jo eng testa rossa an der Garage stoen hunn, awer juste pour le plasir des yeux, net fir dermatter vill ze fueren. Matt enger einfacher CO2-Steier géing ech also fir eppes bestrooft ginn, wat ech net verbrach hunn. D’CO2-Steier soll niewt de PS och un d’Kilometerzuel gebonne ginn! Et bräicht ee just eng Zeil op der Steiererklärung bäizesetzen. Et bezillt een d’CO2-Steier mam Flieger jo och just um tatsächleche Billiet!

Image parfalco de Pixabay

Natiirlech wäert dobei verschiddentlech probéiert ginn, déi falsch Kilometerzuel unzeginn, also ze fuddelen. Dat wär allerdéngs einfach ze kontrolléieren: wann een zu Sandweiler passéiert, gëtt déi richteg Kilometerzuel opgeschriwwen an un d’Steieramt nogereecht; wann een den Auto verkeeft, nämmlecht Prozedur, an de Proprietaire kritt jenodeem wéi, nozebezuelen. An d’Frontalier? Nun, déi bezuele jo schonn bei sech doheem, verschiddener esou guer ganz kräfteg!

et mussen och Ausname geschaafe ginn, zum Beispill fir Leit, déi zu onméiglechen Zäiten – wou absolutt keen ëffentlechen Transport fiert- mussen op hir Aarbecht; dat nämmlecht gëllt fir Dierfer – wéi Brouch-, an déi (quasi) kee Bus erafiert: de Staat kann net dem Bierger d’Méiglechkeet ewechhuelen fir mam Bus op d’Aarbecht ze kommen, an hien herno bestroofen, den Auto aus der Garage erausgeholl ze hunn!

Et wär gutt, wann d’Diskussiounen endlech kéinten ufänken. Politik vun uewen erof ass seelen och vum Vollek gedroen. Virun 10 Joer war e roude Minister dobäi Pätter ginn, déi Gréng sollten sech méi gescheit uleeën; CO2 gehéiert souzesoen zu hirem Fonds de commerce!

“Steieren andreiwen ass d’Konscht, d’Gäns esou ze rupfen, datt een dobäi méiglechst vill Fiedere kritt, ouni all ze vill Geschnadders”.

Related posts

1 Comment

  1. Mario Dichter

    Die Politik besteuert aufgrund falscher Prämissen die Grundlage allen Lebens.
    Pervers!
    Damit zeigt sie ganz offen ihre hässliche menschenfeindliche Fratze und die Smartphone starrenden Arbeitsbienen merken es noch nicht mal, im Gegenteil, das Ganze wird von den gehirngewaschenen Greta-Jüngern noch bejubelt!
    Unfassbar…

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *