Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Innepolitik

Oeffentlechen Transport gratis, ouni den AVL? 

Oeffentlechen Transport gratis, ouni den AVL?
image credits: AVL

A14 Méint gëtt den öffentlechen Transport gratis! Iwwer de Pro an de Contra ass scho vill geschriwwen an diskutéiert ginn, ma zanter haut ass sécher, datt wéinstens den Ament emol d’Gemeng Lëtzebuerg net mattmécht. An deem offizielle Communiqué wore just opgezielt: CFL,RGTR,Luxtram an TICE. Et feelt den AVL, also d’Bussen vun der Gemeng Lëtzebuerg. An den Netzwierker huet schonn eng fatzeg Diskussioun doriwwer ugefangen, am Genre: vu Knapphouschend erof bis op Péiteng,gratis, ma an der Stad dann awer berappen.

Dat geet natiirlech guer net, ma et huet sech scho viru Wochen ugekënnecht: den zoustännege Minister hat glaat a guer net matt der Gemeng Lëtzebuerg diskutéiert. Also gëtt elo mol gemotzt! Matt Recht, well et handelt sech schliisslech ëm d’Haptstaat, déi op dës Manéier 16 Millioune Recette verléiert. Bon! Do kann ee soen, et trëfft keen Aarmen, well Lëtzebuerg esou lues op e Budget vun enger Milliard erukënnt, an awer. Doniewt sinn déi Blo um Knuedler sech net ganz gréng mat Leit ewéi Bausch,Tanson a Consorten. Et héiert een hannert de Coulissen, wéi wann d’Gemeng Lëtzebuerg natiirlech sech net dem ëffentlechen Transport wäert verschléissen, ma et wier ee frou, wann mol engkéier  kéint matenee geschwaat ginn.

Doniewt huet d’Gemeng nach en anere Probleem, an zwar deen matt de sougenannte lignes coordonnées.

image credits: AVL

Dat sin déi Bussen, déi zwar och am Zentrum vun der Stad zirkuléieren, ma déi virun allem eraus an aner Gemenge fueren, respektiv deen ëmgedréite Wee, an d’Leit zeréck an d’Stad féieren. Do zeechent sech e bras-de-fer of tëscht dem Knuedler an dem Mobilitéitsminister: d’Gemeng wëll d’Kompetenz iwwer des Lignen fir sech behaalen, an de François Bausch géing gäre selwer Regie doriwwer féieren!

D’Gemeng huet déi “lignes coordonnées” esou programméiert, datt esou vill wéi méiglech vun hieren Awunner können dofunner profitéieren, fir ënnerwee eran- oder erauszeklammen. De Minister behällt seng Tramschinnen virun Aan: déi Lignen sollen elo esou installéiert ginn, datt se esou séier wéi méiglech beim Tram ukommen. Ween huet Recht? A ween sätzt sech duerch?! D’Buergermeeschtech Lydie Polfer huet iwwerraschend séier nach gläich am Nomëtten matgedeelt, datt d’Haaptstad am ëffentlechen Transport wëll matmaachen. Wat blouf hir aaneschters iwwereg? De klengen Tëschefall – Communique ouni AVL!- huet kloer gewisen, datt d’Zesummespill net dat Bescht ass; et bleiwt déi aner Fro ze klären an do housch et schonn viru Wochen, datt d’Luten op roud stinn!

 

 

Related posts

1 Comment

  1. Firebird

    D’Busentrepreneuren musse jo awer fir hier Déngschter enschiedegt ginn. De private Betriib huet schliesslech seng Käschte fir Material a Chauffeuren. No wat fir engem Schlëssel resp. Tarif gëtt da mat deenen ofgerechent? A wéi steet et mat de Payë vun de Chauffeuren? Ob do wierklech Eenegkeet besteet tëschent TICE, AVL, RGTR, Luxtram besteet? Wat ass do scho kloër oder wuel nach net? Mais den H. Bausch als fréiere Mataarbechter vun der Bunn, huet bestëmmt déi optimal Léisung parat. Finanzéiert muss et ginn, egal vu wiem.
    Awer fir d’éischt muss et mol klappen. An dorun ass kloër ze zweifelen, zumools d’Ausso vun enger sozialer Massnahm de Moment d’Ronn mecht. Do spillt de Confort an d’Efficacitéit da keng grouss Roll méi!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *