Net de Plastik ass schold!

0
2096
image credits:pixabay

Daer Deeg goung bei mir Moies fréi d’Schell a wéi ech opgemaach hunn, stoungen vrun der Dir zwou Plastikstuten, déi mech froten, ob ech si kéint matthuelen bis bei d’Mir. Derjoomer! Ech duecht ëmmer, de Plastik géing dee Wee selwer goen! Wann eis Ozeaner also strubbelvoll sinn matt dem plastifizéierte Geméchels, dann ass et jo tatsächlech, well mir Mënschen de Plastik op déi Rees schécken! De Plastik eleng ass onschëlleg!

 

W éi virun 11 Joer déi sougenannte Valorlux-Tut sech ëmmer méi duerchgesat huet, hunn ech deemols op Radio Lëtzebuerg gewot, ze soen, datt et wuel eng gutt Saach ass, datt Plastik recycléiert gëtt, mä, datt et sech och do just ëm eng weider Industrie handelt, déi näischt aneschters mécht, ewéi zousätzleche Knascht, an déi natiirlech muss op Gewënn schaffen. Nët ëmsos heescht et op Däitsch: Entsorgungswirtschaft. Déi Responsabel vu Valorlux hu mech op hire Site laanscht d’Mousel invitéiert, fir mir hire Systeem ze explizéieren. Ech muss soen, datt dat Ganzt mech duerchaus iwwerzeegt huet, ma, wéi ech baussen de Bierg u Plastik gesouch, sot ech zu de Responsablen: “a kee Fatz vu mir!” Ech hunn nämlech festgestallt, datt deemols, virun 11 Joer, d’Plastikswaasserfläschen den absolutt gréissten Deel vum Offall ausgemaach hunn (Botter- a Youghurtsdëppercher si jo net erlaabt). Dowéinst war näischt vu mir dobäi – oder bal näischt- well ech drénke mäi wéinegt Waasser ausschliisdlech vum Krunn!

 

image credits:pixabay

Dee Bierg vu Plastik, deen ech gewise kruut, war u sech d’Spiggelbild vun eiser Konsumgesellschaft. Eigentlech misst een et esou kënne resuméieren: wann d’Economie ëm 3,5% klëmmt, geet automatesch d’Ëmweltbelaaschtung mtt an d’Lut. Iwwerspëtzt formuléiert: datt méi Knascht produzéiert gëtt, datt eis Pensiounen besser ofgeséchert sinn!

Wann een éierlech ass: meng Generatioun huet méi verbëtzt ewéi di vun den Elteren, an déi hu scho bäi wäitem méi consomméiert, ewéi d’Grousselteren. An déi nei Generatioun, déi sech dacks a gären als ëmweltfrëndlech duerstellt, consomméiert  massiv méi, och wann se elo ouni Plastik, ma matt Pobeierstuten duerch d’Groussgaas trëppelt! Méng symphatesch Nopeschfamill stellt all 14 Deeg tëscht 4 a 6 där bloer Säck vu Valorlux op den Trottoir, mir kommen als Stoot zu Zwee op en hallwe Sachet! A wann een seng Bestellung um Internet mécht, consomméiert een enorm vill Kartong! Dee kann een zwar an de Container puche goen, fir spéider ze recycéieren, ma och dee Prozess ass Consommatioun an Ëmweltverknaschtung. An dee Knascht blouf laang Joer net an Europa, ma huet de Kontinent verlooss: bis d’Joer 2016 huet d’europäesch Unioun 190 Milliounen Tonnen Plastik a China exportéiert. Ni vu. ni connu!

 

Duerch déi digital Entwécklung ka wuel op enger Partie Servicer Pobeier gespuert ginn; beschte Beispill ass de webbanking, matt deem déi lästeg extraits de compte an der Bréifkëscht ewechfaalen! Dat gëtt awer direkt nees kompenséiert duerch Amazon a Co…a last but not least sinn Handy a PC zwar nëtzlech, ma an der Haaptsaach Schrott, dee schwéier ze entsuergen ass a wuel dowéinst vun den Europäer nawell gären an Afrika exportéiert gëtt!  Do muss scho méi kommen, ewéi elo mam Plastik, fir en Ëmdenken erbäi ze féieren: wann d’Plastikstiitchen ëm e puer Cent an d’Luut gesaat gëtt, ass dat ville Leit esou eppes vun egal! Et misst à la base méi Drock gemaach ginn, wëll heeschen, beim Produzent. Vill Wueren sinn net nëmmen eemol, ma gläich zweemol a Plastik agepaak. Zejoert waren där klenger Tic-Tac-Kamellen um Maart – all Kamell, net méi grouss wéi 5mm, war eenzel a Plastik agewéckelt. Dat hunn ech de Summum vun der Dommheet empfonnt, an där Beispiller gëtt et vill, ganz vill. A missten net déi Produzenten steierlech entlaascht ginn, déi Wuere verkaafen, wou ee spéiderhinn och Ersatzstécker kritt? Mäi perséinlecht Beispill: ech hunn x Staubsauger (Stëpssukkeler) op den Tipp gefouert, well allkéiers d’Verbindungsstéck mam Sukkelrouer gebrach an net ze ersetze war!

Ouni Plastik schéngt de Mënsch net méi liewen ze kënnen, dat gesäit och Valorlux an: bis 2025 soll jidfer Bierger nach maximal 40 Plastikstuten verbrauchen an ech woen, dorunner ze zweiwelen! Eent ass sécher: de Verbrauch u Pobeier a Kartong wäert massiv zouhuelen: d’Produktioun dofunner ass op d’mannst grad esou bedenklech ewéi déi vum Plastik!(https://www.br.de/radio/bayern1/inhalt/experten-tipps/umweltkommissar/umwelt-plastik-papier-tuete-100.html).Eng sachlech Diskussioun wär vun Notzen. Ech kann duerchaus d’Meenung vu Leit verstoen, déi refuséieren, an der ablacklecher Plastiks-Hysterie mattzemaachen, mam Argument, datt de ganze Systeem op Hypocrisie opgebaut ass. Déi misst fir d’éischt entsuercht ginn.

 

 

 

LEAVE A REPLY

Please enter your comment!
Please enter your name here