Mort subite!

0
2321

De Luc Frieden soll also Nofolger ginn vum Michel Würth, un der Spëtzt vun der Chambre de Commerce. Dat ass interessant vun zwee point de vue: éischtens ass domatter déi politesch Carrière vum Mann definitiv eriwwer! Aus der nationaler Politik huet hie sech viru 4 Joer zeréckgezunn, hie blouf awer am Gespréich, dat anert Joer fir d’CSV mat op d’Europalëscht ze goen. Well elo awer mat Gambia2 keng Chance mi besteet, Europakommissär ze ginn, huet de Mann et léiwer si gelooss. Den Duo Juncker/Frieden gehéiert also zu der politescher Vergaangenheet. Villäicht klëmmt domattert d’Chance fir d’Viviane Reding, eng Plaz op der Europalëscht ze fannen. Si deet sech den Ament op d’mannst nach schwéier, sech an der nationaler Politik erëmzefannen.

Zweetens zweiwelen ech net drunn, datt scho virun de Wahlen d’Wierfelen an der Handelskammer gefall sinn. An dat bedeit: nom Michel Würth- e symphatesche Mënsch, ma en décke Bloen- kënnt e stramme Schwaarzen. Et héiert een aus verschiddene Kreeser, datt d’CCL sech schwéier gedoen huet, e Successeur ze fannen, ma datt zugläich no enger Persoun gesicht gouf, déi -och politesch- kapabel ass, der Regierung de Bass ze haalen. Dat versprécht…

 

LEAVE A REPLY

Please enter your comment!
Please enter your name here