Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Divers

Juecht muss sinn! 

Juecht muss sinn!
image credits:pixabay

Petitiounen opstellen an areechen ass modern.RTL melt: an den éischte 6 Méint vum Joer 2018 gouf am Duerchschnëtt all Schaffdag eng  Petitioun deposéiert .Dat ass Demokratie direkt erliewen! Wierklech? Huet sech fir d’Petitionären eppes geännert, nodeems si vun de Politiker gelauschtert gi waren? Ausser natiirlech, datt si d’Eier haaten, fir eng Stönnchen am Héigen Haus op Besuch gewierscht ze sinn a fir en Dag zu engem Deel vun der Aktualitéit matt bäigedroen ze hunn. Op där aner Manéier kann een argumentéieren: d’Politiker solle wëssen, wou beim Vollek de Schong dréckt, am Sënn vu méi Biergerpartizipatioun. Ma, ech ginn de Verdacht net lass, wéi wann et dacks just géif drëm goen:”Haaptsaach, et war een derbäi!” Da kommen esou Petitiounen eraus, matt deenen d’Fëmmen op den Terrassen net soll verbuede ginn; ma de Petitionär hätt just gären, datt kee Fëmmert eng umécht!Logik? A well et méi Leit gëtt – an nach ëmmer gouf- déi net raachen, ass et normal, datt des Petitioun op genuch Ënnerschrëfte koum. By the way: des Petitioun gouf massiv vun RTL ënnerstëtzt, hire pendant, fir d’Fëmmen op den Terrassen erlaabt ze loossen, gouf par contre net eng eenzeg Kéier ernimmt; dat wär jo och politesch net korrekt gewierscht. An elo dann, eng Petitioun, déi d’Klappjuecht verbitt, en Appell un eis Gefiller, déi aarem Déieren ze respektéieren.

 

Juecht muss sinn! Dat ass e bësselche provokativ formuléiert, well et mir déi lescht 20 Joer geheiereg géint de Stréch geet, wéi massiv op de Jeeër geklappt gëtt. Dat wieren lauter Sado-Maso, deenen et Freed mécht, op en Déier ze schéissen, nom Motto:wéi schéin ass et dach, eng Kardrëpp ze sippen an dobäi op e Kitz ze diichten. Kloer, et gëtt bestëmmt där, genee, wéi et där Gelungener gëtt ënner den Automobilisten, ouni datt mir et allerdéngs woen, Mënschen hanner dem Steierrad pauschal als Drecksak ofzestempelen.

image credits.pixabay

Juecht muss sinn! Déi Erfahrung hunn ech virun iwwer 40 Joer gemaach.D’Groussmamm hat hiert klengt Stéck Bësch ofholze gelooss a war kuerz duerno gestuerwen; et war un der jonker Generatioun, e puerhonnert kleng Dännebeemercher(Douglas) ze planzen. Noom éischte Wanter haten eleng dräi Beem iwwerliewt. De Wanter war haart an d’Déieren-Huesen,wëll Kanéngercher, Réi a Bambi- haaten d’Spëtzten ofgebass, wat den Doud fir d’Beemercher bedeit huet. Also goufen nees engkéier e puerhonnert Planze gesaat, ma d’Fréijoer drop war nees bal alles kabott. Ech hu mam Feeschter geschwat, an dee sot: dee Mann, deem d’Juecht gehéiert, schéisst net genuch! Aarem Déiercher?! Hei déi ministeriell Aentwert op eng parlamentaresch Fro aus dem Joer 2014; ech benotze just d’Grafik iwwer d’Indemnisatiounen vu Schied duerch Wëldschwäin

Eech hunn deem Här Direkter op der Arbed ugeruff, an dee war iwwerraschend verstänneg. Hien huet d’Juecht verkaaf, fir datt en aneren sech méi ëm de Revéier konnt këmmeren. Wëldschwäin goufe geschoss – déi iwwregens fir grousse Schued bei de Beem suergen-, Huesen, Réier  goufe geschoss an d’Kanéngercher goufen an hirem Bau vergaasst(ech weess net, ob dat haut nach erlaabt ass). An tatsächlech, am drëtte Fréijoer wore bal all d’Beem ukomm. Mir an dem Bësch huet d’Juecht gehollef. An ech fannen et gudd, datt neierdéngs déi aal, klassesch Klappjuecht soll duerch Beweegungsjuecht ersaat ginn, och wann ech net genuch dovunner verstinn.

D’Journalisten sinn alleguerten Paperazzi,gäil op Skandaler, Politiker sinn Korrupter, déi dem Patronat d’Féiss këssen,

image credits:pixabay

d’Psycholgen si mëll an der Bier, d’Polizisten sinn alleguerte Kläpper, d’Staatsbeamten si liddereg Säck, d’Jeeër si Märder…op wee maache mir eigentlech sos nach Juecht?

Déi laafend Petitioun ass sober ausgedréckt- am anere Fall hätt si och net déi zoustänneg Chamberkommissioun passéiert, ma d’Diskussioune ronderëm, op de soziaalen Netzwierker iwwer Juecht a Jeeër loosse Béises erahnen: wee fir de Jeeër ass, ass fir d’Juecht, an also géint d’Déieren. Et ass nees d’Kollisioun tëscht dem Gudd- an dem Bösmënsch, a well kee wëll zu deene Béise gehéieren, léisst een seng Gedanke léiwer uewen am Späicher. Zwou Saache soll ee bedenken: och des Juecht an der Gesellschaft gëtt nees vun de gudde Mënschen dirigéiert an zweetens: och fir si huet de 24. Dezember d’Schwéngchen net duerfen um Teller ze feelen(Veganer ausgeschloss).

 

 

 

 

 

Related posts

5 Comments

  1. Daniel

    Also éischtens wëll déi Pétitioun ned dei komplett Juecht, sondern just d’Klappjuecht verbidden.
    An zweetens, waad soll daad rem fier een verschassenen Beitrag sin?

    Mier sin am Joër 2019, an nedméi firun x Joer wou äer Boom Ierch déi Geschicht erzeielt huet.
    Mier sin ökologesch gesinn “bëssen” méi fortschrëttlech wéi firun 40 Joer.
    Also ass ze erwaarden dass een normalen Menschenverstand och mol méi wait denkt, an ned an der Zäit hänken bliwwen ass.

    An äerer Aussoo noo sollen d’Déieren erschoss gin, well se schiedlech fier d’Natur sin?
    D.h. dass all dei Mënschen, déi am Regenwald an soss iwwerall op der Welt d’Bëscher oofholzen an fier d’Natur soumat schiedlech sin, och erschoss gin? Mee nee, d’Déiren sin jo méi einfach ëmzebréngen, wëll se sech jo ned wieren kennen.

    Ech hoffen einfach dass verschidden Lait och emol haiernsdo noodenken, éier se mengen se missten een Artikel verfaasen.

    1. Paul

      “Ech hoffen einfach dass verschidden Lait och emol haiernsdo noodenken, éier se mengen se missten een Artikel verfaasen.”

      Dat ennerschreiwen ech mat zwou Hänn, mä reportéiert et awer net, fänkt ab haut domadder un!

  2. admin

    Also éischtens, wann Dir richteg gelies hätt, huet meng Bom mir dat net erzielt, ma ech hunn et selwer erliewt a maachen dat och nach haut.
    an zweetens weist Aer Reaktioun grad op dat hinn, op dat ech um Enn um Artikkel gediicht hunn:op de Gutmensch, deen sech munnechmol selwer vergësst an zum déier gëtt.

  3. Ay-Jay

    Ech soen dem Här Kayser merci fiir den Artikel. Ech selwer sin Jee’er a waat am Moment vun selwer ernannten Expert’en à la “Give as a Brain” etc. lassgetreppelt gëtt, fängt un Tendenzen ze kreien dei mech liicht un Zeit erenneren, wou fin compte vill Leit zum Schluss nett bei wooren. D’Verfolgung fängt baal emmer matt der Dénonciatioun un. Et kann een emmer fiir oder geint eppes sin, mais alles muss am legal’en Kader bleiwen. D’Juegd ass daat, an an deem Kontext soll se dann och respekteiert gin. Leider ass daat nett mei de Fall, a besonnesch ze bedaueren ass d’Taatsaach dass 95% vun den Behaaptungen op komplett fiktiv’en Zuelen baseieren, an op Behaaptungen dei deelweis komplett aus der Loft gegraff sin. Hei am Land gin et ca. 2000 Juegdexperten, dei hiir Kenntnisser an engem 1-jähregen Stage an engem Examen bei der Natur & Forstverwaltung hun mussen enner Beweis stellen. Welech Formation hun all d’Juegdgeigner dass se anscheinend esou gudd iwert d’Matière bescheed wessen ??? Ech geiff proposeieren: maacht den Stage a packt den Examen an dann duerft der matschwàtzen.

  4. Forex Watchers

    An de r Johren sinn ro ud Wildreflektoren un d Kaatzenahn gemach ginn fir d Weld vun der Strooss ze haalen. Ech hun Problemer ze versto en wei so u et haut vum FB blo Reflektoren mussen sinn.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *