Fraendag: d’Chancegläichheet hält beim Urinoir op!

0
1692
image credits:pixabay

Ech si géint d’Fraequot an der Politik! Viru 45 Joer war ech zwar duerchaus fir eng Ënnerstëtzung fir d’Fra an der Politik, well deen Ablack dat weiblecht Geschlecht eréischt um Ufank stoung vu senger politescher Emanzipatioun a virun allem, fir déi absolutt männlech Dominanz méi kleng ze kréien; obwuel, et goufen och deemols scho Fraen an der Politik, wéi d’Colette Flesch, Lydia Schmitt, (vergiess mer d’Astrid net!),Anne Brasseur, Lydie Polfer (vergiess mer d’Astrid net!), d’Viviane Reding, d’Madame Frieden an och d’Astrid Lulling. Et war also méiglech, wann een et nëmme gewollt huet, ma et war bedeitend méi komplizéiert, wéi dat haut de Fall ass.

Fir d’Fraen ass an de leschte Joerzéngten esou vill gesellschaftlech geschitt, datt si sech mol net méi de Wuerzelen vun hierer Emanzipatioun bewosst sinn! Vill Fraën wëssen haut net méi, wat den “mlf” ass (war), de mouvement de libération des femmes! Trauereg, well, och wann an deem “mlf” dacks iwwerdréite Feministinnen dra waren, esou huet hier Generatioun dach extreem vill zu der Autonomie vun der Fra bäigedroen! Wann eng Fra haut wëll Politik maachen, dann huet si déi nämmlecht Chancen, wann net méi, ewéi hire männleche Kontrahänt. Dat nämmlecht gëllt fir Sozialwaalen, ma ganz vill hu sech der do net als Kandidatin opgesaat, eng Erfahrung, déi ech als OGBL-Militant bei RTL méi wéi engkéier hu musse maachen- ,ech hunn hinnen quasi mussen hannendru laafen. Ma, wann eng Fra dat net wëll, da loosst se mat Rou! Si weeess selwer am Beschten, wat fir si dat Richtegt ass. Wann awer an engem Parteigremium e männleche Kandidat op méi Stëmme kënnt, ewéi seng weiblech Géigespillerin, an nawell fällt de choix op d’Fra, eben wéinst der Quot, dann ass dat extreem ondemokratesch. Männer, wiert Ierch géint de Matriarchat!!

 

“…Mir mussen ophalen, aus der Fra eng Ikon ze maachen! “

 

 

Virun e puer Wochen war ech op enger Eisträichescher Autobunn an e Monsterstau geroden. D’Natur huet sech bemool gemelt: meng Fra an ech hu gemusst, an also si mer erausgefuer op eng ëffentlech Toilette. Anerer haten déi nämmlecht Decisioun geholl, virun eis e Bus, wou vill Fraen sech erausgestierzt hunn an Direktioun WC. Am Männerberäich eng Toilette an

image credits: pixabay

e Pissoir, eng Geschicht vun zwou Minutten an et war een erliichtert; weem et nach net séier genuch goung, deen huet méi wäit ewech de Schnéi giel gefierft. Meng besser Halschecht awer stoung op d’mannst 20 Minutten an der file ze waarden, schliisslech gouf et just eng eenzeg Cabine. Well de Prozedere bei der Fra e bësselchen méi ëmständlech ass, hätten et op d’mannst 2, besser 3 Cabinne musse ginn! Ech sinn also absolutt fir eng Fraequot, wat d’Installatioun vun ëffentlechen Toilette betrëfft.Fir dat Fra, an och Mann, manner laang musse waarden! Et ginn esou vill europäesch Directiven, virwat net och esou eng.Vive de Fraendag!

 

 

 

LEAVE A REPLY

Please enter your comment!
Please enter your name here