De Mann weess net, wat et bedeit, eemol de Mount d’Reegel, d’Period ze hunn. Also soll déi -souwisou ënnerdréckten- Geschlechterminoritéit sech aus där ablécklecher Diskussioun eraushalen. Domadder ass de Mann kal gestalt! Wat net verhënnert, datt verschidde Gemidder sech dobäi kënnen erhëtzen wéi d’Glous vun enger Eeërkuel.
Zwee méiglech Deeg Congé de Mount – pro Menstruatioun- sollen et laut enger Petitioun sinn, iwwer déi am Hierscht an der Chamber diskutéiert gëtt. Also 24 Deeg d’Joer. Quasi eng Verdueblung vum ablécklechen legale Congé! Rou-Deeg fir de “Rouden”. Summa summarum deemno iwwer 50 Deeg Congé, souguer 60 fir déi, déi an der fonction publique aktiv sinn. Héiert sech krass un! Iwwer d’Modalitéiten goung dobäi bis ewell net weider Rieds.
- Huet een zum Beispill dee “Reegel-Congé” och zegutt, wann d’Fra hir Reegel wärend dem legale Congé kritt?
- Et gi Fraen, déi mat Ugangs 40 keng Menstruatioun méi hunn. Muss eng Fra eemol d’Joer bei hirem Gynekolog passéieren fir eng Attestatioun ze kréien?
- Ass eng Alterslimitt virgesinn? Kéinten also enger eelerer Madamm déi 24 potentiell Congésdeeg beim Alter vun iwwer 50 Joer ewech geholl ginn?
- Déi 2 Deeg Congé pro Reegel wier keng MUSSE-Saach, heescht et. Do kéint all Fra selwer entscheeden, je nodeem wéi si et spiert. Mat der flaacher Hand widder d’Stier! De legale Congé ass och keng MUSSE-Saach, awer nëmmen déi allerwéinegst verzichten drop!
Allgemeng stellt sech d’Fro vun der Zwou-Klassegesellschaft, net nëmmen vis-à-vis vum Mann. Et ginn Betriber, wou an der Haaptsaach Frae schaffen, zum Beispill déi mat Botzfraen. Esou Gesellschaften géingen mat deem “Reegel-Congé” extreem gebeidelt ginn, op organisatoreschem, ma och op wirtschaftlechem Plang! De Fall geholl, d’Petitioun gëtt ëmgesat, muss de Pappa Staat net finanziell asprangen? A wann jo, misst dat net fir jidder weiblechen Ugestellte gëllen?
Déi Fraen, déi viru 40 Joer massiv op den Aarbechtsmarché bäigestouss waren, hunn de Probleem “Reegel” quasi net thematiséiert aus Angscht, no der K-K-K-Roll (Kanner, Kichen, Kierch) nees zeréck an de Rullo vum schwaache Geschlecht gestach ze ginn. 40 Joer duerno wëssen déi wéinegst Dammen eppes mat der Ofkierzung mlf unzefänken, mouvement de libération de la femme. Traureg!
Viru 40 Joer gouf et am ganze Eisléck eng eenzeg Crèche! Haut schéissen si wéi Spargel aus dem Buedem a sinn och nach gratis. Déi Evolutioun ass erfreelech. Viru 40 Joer hunn Paschtéier a Quiselen sech de Mond wond geriet fir de Meedercher bäizebréngen, datt een mat engem Tampon an der Buedbidden blann gëtt. Haut féiere mir eng Diskussioun iwwer e speziellen Menstruatiounscongé. Fortschrëtt, Réckschrëtt oder banale Luxus-Trallala?
Wär et net méi räsonabel esou weider ze fueren wéi bis ewell: wann eng Fra tatsächlech vill Péng huet, trotz Medikament oder Kraidertéi, da mellt si sech eben fir deen Dag krank? Keen kann hier dat iwwel huelen, ausser si iwwerdreift et. Dobäi hänkt et wuel och vun der Aarbecht selwer of. Eng PresidentIN vun engem Verwaltungsrot vun enger Gesellschaft mat iwwer 1000 Ugestallten léisst eng Sëtzung kaum platzen wéinst dem “Rouden”, oder?
Eng aner Petitioun um Site vun der Chamber https://bit.ly/2VxoUhl kritt einfach (bal) keng Ënnerschrëften zesummen. Dobäi ass d’Zil vum Petitionnär scho bal heroësch: Sauvegarde de la qualité de l’architecture, de l’urbanisme et de l’Habitat. An anere Wieder, an eise Gemengen gëtt zanter Joerzéngten esou vill Mëscht gebaut, datt vill Gebaier, jo ganz Quartier wéi dinn an den Aen. Dofir Schluss mam Anonymat vum Architekt! Hie soll an Zukunft déi Mëscht mat sengem Numm ënnerschreiwen.
Firwat also kritt déi eng Petitioun esou eng kräfteg Ënnerschrëftenënnerstëtzung an déi aner net?! Een Ament koum bei mir de Verdacht op, well déi eng an ” d’eegen Täsch ” ass an déi aner altruistesch! Awer just e ganz kuerzen Ament, well esou vill Béiswëlleges ass schwéier z’erdroen.