En tzozialistesche Bösmensch zu Strosbuerg?

0
900
Image parBen Kerckx de Pixabay

Heeschen ass fir de Gutmensch op d’mannst esou ee Sujet ewéi d’Kathedral Notre-Dame zu Paräis. Dee Gutmensch schreiwt eis vir, wat richteg oder falsch ass: wann ee Suen huet, spend ee fir karitativ Zwecker an net fir eng Kierch, basta! Ween d’Häerz op der richteger Plaaz huet, leet seng Mënz an de Becher op der Strooss. Ech hu mech virun enger Dose Joer och an engem Commentaire opgereegt, wéi deemools d’Madame Corinne Cahen als Presidentin vum Stater Geschäftsverband d’Heeschen op der Gare an an der Stad wollt verbidden. Ech hu meng Meenung geännert. Dacks hunn ech méi wéi de Verdacht, datt et sech ëm organiséiert Banden handelt, reegelméisseg ginn ech vu Strumerten an de Gaasse verfollecht – ob ech dann net awer en Euro hätt? Daat sougenanntent aggresivt Heeschen ass elo zu Strosbuerg op verschiddene Plaazen verbuede ginn, vum roude Buergermeeschter Roland Ries.

 

A usgerechent an enger europäescher Haaptstad also! Op dräi verschiddene Plaazen gëtt d’Heeschen bis de September verbueden: les places du marché-neuf, Temple neuf an d’rue des Grandes-Arcades. Am Text heescht et: “la jouissance paisible de certains lieux et espaces publics est mise en cause par des comportements inappropriés de personnes seules ou en groupe”. Den arrêté gesäit vir “ que l’occupation prolongée des voies publiques est interdite lorsqu’elle peut porter atteinte à la libre circulation des personnes, la tranquillité publique par des nuisances sonores ou la salubrité publique”.

           

D’ Geschäftsleit haaten déi lescht Joer deen nämmlechte ‘Krich’ gefouert ewéi zu Lëtzebuerg: wann e Clochard virun enger Vitrine sëtzt (oder läit), hält dat d’Clientèle zeréck. Besonnesch hefteg wor dat an der Zäit an der entrée vum Max Mara-Butték: lénks eng Vitrine, riéts eng Vitrine, an der Mëtt de Corridor fir ze kucken, respektiv fir an d’Geschäft eranzekommen: do loungen dann dacks Heescherten an hu sech um klenge Gas eng Eeërtriwwel gemaach! D’Vitrine gouf an der Tëschenzäit komplett nei gemaach. Oder an der Entrée fir an d’Etudes Gaston Vogel: regelméisseg Muppen- a Mënschendreck!

 

ss et méiglech, datt e Sozialist elo och zu de Bösmenschen gehéiert? De Roland Ries gëtt op alle Fall schonn zanter gëschter aus den eegene Reien kritiséiert: Den arrêté wier grad esou “écouerant ewéi  inefficace”;

Image parLeroy Skalstad de Pixabay

domatter géinge just déi Aermst vun den Aarmen stigmatiséiert ginn. De Meenungssträit zu Strosbuerg ass also deen nämmlechten ewéi bei eis…an op villen anere Plaazen an Europa. Beim Lift op der Stater Theaterplaz pecht zanter iwwer engem Joer e butzeg klengen Ziedel vun der Police, fir drop hinzeweisen, datt et sech bei den Heescherten dacks – net ëmmer- ëm organiséiert Banden handelt. Den Ziedel ass esou kleng, fir datt een ën nëmmen net soll gesinn. Ma de Message ass kloer. Freet sech just, virwaat d’Police näischt géint déi ‘ organiséiert Banden ‘ ënnerhëllt, well, wann hire Message stëmmt, da géing et jo an d’Kriminalitéit falen a misst poursuivéiert ginn. Well,munnechmol ginn dës Strumerten forcéiert, Saachen ze maachen, matt deenen si hiert Liewen op d’Spill setzen, wéi en Artikel aus den Dernières Nouvelles d’Alsace” weist....

https://www.dna.fr/actualite/2018/07/31/strasbourg-une-mendicite-qui-interpelle

 

LEAVE A REPLY

Please enter your comment!
Please enter your name here