Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Ëmweltpolitik : Gréng hannert den Oueren! 

Ëmweltpolitik : Gréng hannert den Oueren!
Image parEly Penner de Pixabay

Léiw Gréng

 

 

Wéi ech viru 40 Joer als Journalist ugefaangen hunn, sidd Dir lues a lues an d’Chamber gewielt ginn. Dir waard mir vun Ufank unn net onsymphatesch: modern, jugendlech, frësch Iddien, frecht Optrieden. Ech erënnere mech nach gutt drunn, wéi de Webesch Jupp an der kuerzer Box am Héigen Haus opgetruede war oder wéi hien um Riednerpult de “Bim,Bam,Bieren” gesongen huet. Den deemolge Chamberpresident Leon Bollendorf war dépassé par les événements! Ech koum allerdéngs séier zu der Konklusioun, datt ee mat gréngen Iddien eventuell kann Ëmweltpolitik maachen, awer keng Gesamtpolitik. Dir hutt zwar e Sammelsurium vun ideologeschen Theoriën, déi Dir och mat vill Arroganz vertrëtt, ma déi voller Widderspréch sinn, esou datt si an der Praxis séier kollabéieren.

 

D en Energieminister Claude Turmes gouf op Radio Lëtzebuerg  tëscht den Zeilen, an dach zimmlech däitlech ze verstoen, datt mat enger weiderer Hausse vun den Accisen um Sprit ze rechnen ass. Bis ewell ass et jo just Plus 1 Cent um Bensin a plus 2 Cent um Diesel. Eng Bagatelle, mat där ee politesch mat Sécherheet net direkt eppes an de Gewunnechten areecht. Ma opgepasst! Et soll een net de Geck maache mat de Leit ! De fréiere Radiokolleeg Ben Frin an haidegen Finanzdirekter bei Arthur Welter huet d’lescht Woch Tacheles geschwat am Paperjam:de Betriib huet eng 600 Camion, déi all Joer 12 Millioune Liter Diesel schluppen. Aer Hausse, léiw Gréng, kascht de Betriib zousätzlech 240.000€ am Joer, wann Dir d’Acciesen nach emool wéilt ëm 2 Cent eropsetzen, kéim d’Rechnung no un eng hallef Millioun erunn. Wat vill Suë sinn, an de Ben Frin erënnert zu Recht drunn, datt de Logistiksecteur vun der Regierung massiv ënnerstëtzt gouf, fir eis Economie, déi nach ëmmer vill vun de Banken an Investmentfonge liewt, ze diversifiéieren. Dat schéngt mat Aerer Politik net méi de Fall ze sinn, d’Logistikgesellschaften ginn neierdéngs bestrooft, well si den Diesel benotzen. An Alternativen proposéiert Dir keng, well Elektrocamion sinn zwar am gaangen getest ze ginn, ma nach net um Maart ze kréien! Wéi kann een e Betriib bestrofen, deen op den Diesel ugewisen ass an absolutt keng aaner Méiglechkeet huet?

 

D e Logistiksecteur ass vun Zäiten unn vum Wirtschaftsminister Jeannot Krecké gepowert ginn. Zu Recht! De Secteur ass kräfteg gewuess, dobäi ginn d’Camionen, op d’mannst hir Wuer, ëmmer méi dacks vu Beetebuerg aus iwwer d’Schinnen weider transportéiert. Maache mir dat  elo nees futti? Wou sinn Aer Alternativen? Fir d’Wirtschaft ze stäipen, muss een net de Patron hannedra krauchen, et däerf ee si awer och net am Reen stoe loosen. Et feelt eben ee Gesamtkonzept!

Image parPixource de Pixabay

Den Ament gesäit et an der Regierung éischter esou aus, wéi wann Dir mat ponktuellen Iddië kommt, an da probéiert, Ierch géint DP an LSAP duerchzesetzen. Dat kann näischt ginn, wann een Ëmwelpolitik wëll eescht huelen. Lëtzebuerg gehéiert zu deene Länner, wou d’CO2-Emissiunen zejoert an d’Lut goungen: plus 3,7 Prozent! A matt den erneierbaren Energiën läit eist Land matt 6,4 Prozent an der europäescher Tabell u leschter Plaz! No ronn 70 Méint an der Regierung, hätt ee vun Ierch als selwer ernannten Top-Spezialisten méi kënnen erwaarden. Zum Beispill am Kader vun der Steierreform. D’Schwäiz huet schonn zanter 9 Joer eng CO2-Steier, an Dätschland gëtt grad doriwwer diskutéiert. A mir? Kapp déiw an de Sand!

 

D ir sidd och net onbedéngt schrecklech éierlech, oder transparent! Dir wësst, datt déi ablacklech Hausse vun den Accisen net onbedéngt déi richteg Decisioun ass. De François Bausch hat dat selwer an engem RTL-Interview viru Joer zouginn! Ugeholl, et kënnt kee Camion aus dem Ausland an de Grand-Duché eran, well tanken an Däitschland, Frankräich oder an der Belsch

Image parMabel Amber, still incognito… de Pixabay

méi bëlleg ass, wéi bei eis, da fueren déi dausenden dëck Këschten eben laanscht d’Grenzen an hannerloossen eis awer en Deel vum Knascht. Dir sollt Ierch roueg eng Nues voll huelen vun deem Avis vum Wirtschafts- a Sozialroot iwwer d’Etude Tankturissem! Déi finanziell Zopp auszeläffelen kréichen déi Leit, déi zu Lëtzebuerg oder an der Groussregioun wunnen a schaffen. Just datt mir dann op e puerhonnert Miliounen Euro musse verzichten. Nees engkéier: kee Gesamtkonzept! Besteet dat ieren doranner, datt d’Leit ëmmer méi dacks sollen mat der Trottinette ënnerwee sinn? Déi däerfen iwwregens an Däitschland an a Frankräich geschwënn net méi um Trottoir zirkuléieren….

 

Related posts

1 Comment

  1. Phil

    An déi éischt Trottinette Accidenter mat Doudeger hun sie no San Francisco och elo zu Paräis. Lëtzebuerg wärt wuel kaum verschount bleiwen…

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *