Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Schnoken

E Professer wär Rassist, Nazi a wat net nach alles: weise gëllt! 

E Professer wär Rassist, Nazi a wat net nach alles: weise gëllt!

virun 9 Joer koum dem Stéphane Hessel säi Bichelchen eraus : Indignez-vous ! De Mann, haut doud, vertrëtt d’Meenung, datt de Mënsch, a virun allem d’Jugend sech soll indigniéiert weisen, also entsaat sinn, wann si der Meenung ass, datt eppes an eiser Gesellschaft schiif leeft. D’Indignatioun wier néideg, fir sech mental op eng Zort Resistenz virzebereeden. Dat schéngt seng Friichten ze droen. Verschiddener vun Ierch wëssen allerdéngs net domatter ëmzegoen a scho guer net mat der Fräiheet, déi Ierch an eiser Demokratie zur Verfügung steet.

Déi Jugendlech maachen op d’Ëmweltverschmotzung opmierksam, an zwar an engem Mooss, wéi et bis dato nach net de Fall war. Gutt esou! Verschiddener vun Ierch sinn an engem méi breet gefächerte Sënn entsaat a wénken mam Slogan “Wehret den Anfängen!”, also kee Rassismus, kee Faschismus an eiser Gesellschaft. Ganz richteg!

Image parPeter Lomas de Pixabay

An awer muss et erlaabt sinn, esou Aktiounen ze hannerfroen. Onbekannter hunn 3 Zeile mat Kräid virun der Entrée vun engem Lycée am Süde vum Land geschriwwen. “Däerf eise Geoproff e Rassist sinn? Daerf eise Geoproff xénophob sinn? Däerf eise Geoproff franséisch haassen?”  Onbekannter sinn et net wierklech, well dat Geschreiws ass kuerz drop an engem Video ze gesinn vu Richtung 22, vun engem sougenannte Kënschtlerkollektiv. Hirt Gesiicht weisen déi jonk Leit net gären an der Ëffentlechkeet, dofir droen se Fuessboken ; si schreiwen et net, ma si sangen, wat soen ech, si räppen et : hiert Affer ass keen aneren ewéi de Fred Keup. Dee Mann also, dee sech am Referendum géint d’Auslännerwahlrecht ausgeschwat an als porte-parole vum neen2015 mobiliséiert hat. 3 Froen, déi gewalteg Virwërf géint seng Persoun ënnerstellen!

Hei de Link zu e puer Szenen aus deem Video:

https://www.dropbox.com/s/tijzdaff242x10d/Fotoen%20R22%20FK.docx?dl=0

“D’Konscht als Deckmäntelchen fir platt Frechheeten?”

Ass de Fred Keup e Rassist? Sollt dat stëmmen, da missten déi Jugendlech, déi ënner dem Anonymat dës Fro opwerfen, mat konkrete Beweiser kommen! Eng Zort whistleblower aus dem Lycée! Huet de Geoproff iere Saachen am Klassenzëmmer gesot, déi op Rassismus schléisse loossen? Ass dat de Fall, ginn et Gesetzer. Oder geet et dëse Stodenten schonn duer, de Mann als Rassist ofzestempelen, einfach an eleng, well hien sech am Referendum esou däitlech positionnéiert huet?! Ass een e Rassist, wann een d’Meenung vertrëtt, en Auslänner hätt jo d’Méiglechkeet, mat der duebeler Nationalitéit d’Wahlrecht ze kréien?  Domatter MUSS een net averstaane sinn, ma et gehéiert zum gudde Fonctionnement vun enger Demokratie, de Pro an de Contra ofzeweien! Ass een dowéinst xénophob ? Haasst een dowéinst déi franséisch Sprooch ? Ech erënneren un d’Resultat vum Referendum : d’Auslännerwahlrecht gouf vun 80 Prozent vun der Populatioun refuséiert ! 80 Prozent Rassisten ? 80 Prozent Xenophober ? 80 Prozent déi d’franséisch Sprooch bei der Daiwel schécken ? Hëllef ! Ech wanderen aus!

 

Ech maachen de Verglach tëscht dësen dräi Froen, déi quasi anonym mat Kräid geschriwwe goufen, matt deene ville Commentairen, déi an de sozialen Netzwierker och ënner dem Anonymat zirkuléieren. Dacks – wat soen ech: meeschtens!- Aussoen vu frustréierte Leit, déi mat Ënnerstellungen a matt Uschëllegunge kommen, déi kee Kapp a kee Schwanz hunn! Ma et get duer, fir déif Spueren an der Gesellschaft ze hannerloossen : och wann näischt hannert de Beschëllegungen dru wier, il reste toujours le doute ! Et wäert schonn eppes derhannert stiechen ! Matt Ausleefer, déi net méi ze bremse sinn, wou sech géigesäitech héich geschaukelt gëtt. D’Beschëllegung, e Rassist ze sinn, ass jo scho schlëmm genuch, awer ech setzen nach eng drop : du bass en Nazi !  mä, de Keup dee solls du net fécken, well mat Sex soll ee keen Nazi beglécken, heescht et an deem Lidd. Wee bitt méi ? Dat sin extreem schlëmm Beschëllgungen, mat deenen ee sech muss Gedanke maachen, wat een esou alles zu Onwee stiicht, um gesellschaftleche Plang, ma awer och op deem mënschlechen!  Ech hunn d’Impressioun, wéi wann ee sech ëmmer manner der Bedeitung vun de Wieder bewosst wier, an dowéinst d’Hemmschwell, fir déi Wieder ze benotzen, stark erofgeet. Eng Eskalatioun vu Frechheeten!

 

… verschidde Wieder soll een net inflationär benotzen, sos verléieren se un hierer Wierkung …

Dofir, léiw Stodenten a Stodentinnen: kommt mat Beweiser fir Aer hefteg Virwërf, am anere Fall bleiwt et beim “le mal est fait”! Ass et e Grond, doropper houfereg ze sinn? D’Ziil vun dëser Aktioun ass wuel, de Mann a sengem Schoulgebai onméiglech ze maachen, hien anzeschüchteren, hien mat enger Rafall vu Beschëllegungen monddout ze maachen. Aanerersäits gëtt ëmmer méi dacks d’Mäerchen vum “Rotkäppchen” wéinst Sexismus an de Schoule verbueden. “Les censeurs de belles causes”, schreiwt d’Anne Rosencher am l’EXPRESS ” avancent par l’intimidation et le chantage à l’accusation de sexisme ou de racisme. Chaque cas, pris à part, semble dérisoire. Ajoutez-les les uns aux autres, et ils donnent la désagréable impression que l’air se raréfie!”

Loosst d’Fräiheetssonn blénken, awer mat esou Aktiounen zéien däischter Wolleken op….

 

 

 

 

 

Related posts

1 Comment

  1. Sylvain Piren

    Effektiv ass et bedenklech wéi hei déi fräi Meenungsäusserung ganz eesäiteg vertruede gëtt.
    Wat mech awer virun allem schockéiert sinn déi Leit, déi de Video gutt fannen, liken jee. Do ass ënnert anerem och ee lénke Schoulmeeschter drënner. Et ass ze hoffen datt an der Schoul d’Demokratie an d’Fräiheet besser vermëttelt a gelieft gëtt.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *