Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

E fréiere Polizist kämpft ëm seng E’ier! 

E fréiere Polizist kämpft ëm seng E’ier!
image credits:pixabay.com

Schonn virun 4 Joer hat ech vum Fall André Steffen geschriwwen, De Mann gouf als Polizist verurdeelt, zu Onrecht wéi hie fënnt. Hie géing onbedéngt gären a Revisioun goen, ëmsou méi wou hien en neien Zeien huet. 5 Joer gouf säin Dossier schleefe gelooss, virun engem décke Mount koum déi lapidar Äntwert aus dem Justizministère, datt d’Demande zeréckgewise gëtt.

 

5 Joer! An ouni Begrënnung! Wat eng Arroganz! Elo kéint de Mann nach op d’Verwaltungsgeriicht goen, mä dat kascht nees vill Geld an Nerven. Hie weess sech senger Hänn kee Rot méi. Hei ënnendrënner mäin éischten Artikel iwwer seng traureg Geschicht. 

den André Steffen war an engem fréiere Liewen Polizist. Hien huet eng Zäit als  “ undercover », als « agent caché” fir den Antidrogendepartement vun der police judiciaire geschafft. 1996 gouf et eng Disziplinarenquête géint hien, well de Mann sech net u gewësse Spillreegelen gehalen hätt. Déi Untersuchung gouf fale gelooss, well näischt un de Virwërf dru wor. Mä kuerz drop koumen aner Virwërf: hien hätt verschidde Saachen ënnerschloen, zum Beispill Drogen, also souzesoen en TATORT an der Police selwer. Den André Steffen koum 1998 op d’Geriicht a krut 5 Joer Prisong, eent mat Sursis. Zwee dovunner huet hien ofgesiess, an zwar an Isolatiounshaft. Bei d’Police zeréck schaffe goen war onméiglech, de Mann koum als Sekretär am Munnerëffer Domaine Thermal ënnerdaach an ass elo zanter e puer Joer an der Pensioun.

image credits:Police Grand-Ducale

 

D e Polizist huet ëmmer d’Theorie vertrueden, datt hien vu sengesgläichen erageluecht gi war, verschidden aner Uniforméierter – an net där Mannster- hätten him eng Fal gestalt, fir him senger lass ze ginn. Domadder koum hien awer net duerch um Geriicht, ma elo wëll den André Steffen nei Elementer hunn, déi him seng Onschold kéinte beweisen.

Dem Mann schéngt dat wichteg ze sinn: 20 Joer no senger Condamnatioun misst hie jo net onbedéngt d’Affär nei un d’Rulle bréngen, hie kéint elo endlech a Rou seng Pensioun genéissen. Ma nee! Fir hie geet et wuel éischter ëm de Prinzip, de Mann hätt gären seng Éier erëm als fréiere Polizist. An natierlech geet et wuel och drëm, deenen eng zeréckzeschloen, déi him virun 2 Joerzéngten e Fouss gestallt haten ! Ma esou richteg kënnt hien net vun der Plaaz !

 

H Hie freet beim Justizminister Felix Braz d’révisioun vum Prozess un. Eng éischte Kéier datéiert op de 14. Mäerz zejoert.

image credits: gouvernement.lu

De Ministère äntwert 10 Woche méi spéit, mam Refus, de Prozess nei opzerullen. D’Base vun deem Refus läit am Avis vun enger zoustänneger Kommissioun, déi fir esou Fäll zesumme gesaat gëtt. Dem André Steffen säin Affekot, de maître Laurent Ries muss eng zweete Kéier zur Fieder gräifen a schreift dem Minister e weidere Bréif, matt der Feststellung, datt déi Kommissioun an hirem Avis näischt aneschters gemaach hätt, ewéi de Verdikt vu virun 20 Joer inhaltlech ze explizéieren, dobäi awer guer net deenen neien Elementer Rechnung gedroen hätt, déi den Här Steffen iwwerhaapt zu dëser Démarche gefouert hunn. De Minister huet bis dato keng Äntwert ginn op dëse Bréif, datéiert op den 19. September zejoert. Wéi gesot: mol keen accusé de réception!  Den Affekot huet sech nees am Januar vun dësem Joer beim Minister schrëftlech zu Wuert gemelt.

Hei de Link zu engem Deel vun dësem courier: https://www.dropbox.com/s/iucqq86ggvighg0/nouveau%20document%202019-05-07%2015.50.20.pdf?dl=0

 

n anere Wieder: den André Steffen a säin Affekot hätte gären, datt deenen neien Evenementer Rechnung gedroe gëtt, fir de Prozess nei unzefänken, dorënner eng nei Zeienausso. An an där Deklaratioun stellt e Polizist aner Kolleegen an en éischter däischtert Liicht. Net oninteressant! Et sollt een et allemol zur Diskussioun bréngen….

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *