Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Logement

D’Wunnengspräisser ginn duerch de Plafong! 

D’Wunnengspräisser ginn duerch de Plafong!
image credits: pixabay

Et war sech zwar ze erwaarden, an nawell ass ee schockéiert! D’Immobiliepräisser hunn zejoert extreem ferrem ugezunn, grad wéi wann hinne keng Grenze gesaat wieren! Et war zejoert eng Hausse vu 7 Prozent an der Haaptstad, woubäi et Ënnerscheeder ginn, bei fuschneien a méi eeleren Appartementer, respektiv bei den Haiser. Iwwerraschend ass et schonn, datt déi e bësselchen méi aal Appartementer ëm 9,8 Prozent geklomme sinn, an déi fuschnei ‘nëmmen’ ëm 6,1 Prozent, wat méichlecherweis dermatter ze dinn huet, datt déi méi al Wunnechten souwisou e Sträppchen méi bëlleg sinn an och net passiv gebaut sinn, an also vun de Leit méi gesicht sinn, mä, déi Behaaptung ass just Spekulatioun.

Dës rezent Statistikken goufen de Moien vun der Immobilienagence Jones Lang Lasalle servéiert, an där hiere senior consultant Robby Cluyssen war formell: et ass fir d’éischt zanter 10 Joer, datt d’Immobiliepräisser därmoosse ferrem ugerappt hunn. An anere Wieder: ween 2017 eng Wunnecht gesicht a sech dobäi op e Budget vu 500.000 Euro festgeluecht huet, ma dee leider näischt deementspriechendes um marché fonnt huet, war esou gutt an huet e puer Méint drop dee Budget automatesch mussen ëm 35.000€ eropsetzen. De Scholdebierg ass also och ëm 7 Prozent geklommen. Wee ka sech dat nach leeschten? Op jiddefall keen Aarmen! Vill Koppelen, déi de Courage hunn, sech eppes ze leeschten, si verschëldt bis an den héigen Alter eran, vun de Reparaturaarbechten tëschenduerch net ze schwätzen.

Politesch ass et d’Feststellung: d’CSV konnt mat hierem

image credits:pixabay

respektive Koalitiounspartner während iwwer 20 Joer näischt dogéint ënnerhuelen, an d’Dräierkoalitioun bis ewell grad esou wéineg. Et wier gutt, wann et op dësem Plang zu enger grousser Koalitioun géif kommen, also Majoritéit an Oppositioun zesummen! Do soll op de Kleng-Kleng-Krich verzicht ginn, do soll Politik fir d’Vollek gemaach ginn, mat all de sougenannte forces vives de la nation, also mat Patronat a Gewerkschaften. Virun iwwer 15 Joer haate mir e Rentendësch fäerdeg bruecht; firwat net elo en Dësch fir de Logement.Et gëtt héich Zäit, well duerch de Logement gesäit een Dag fir Dag, wéi déi eng Leit ëmmer méi aarem, an déi aner ëmmer méi räich ginn. Glécklech deen, deen en Haus vun enger Millioun huet: deen huet zejoert 70.000€ u Wäert derbäi krut. My home is my castle!

Related posts

1 Comment

  1. Georges Keipes

    Een coomentaire zum leschten Saatz, Guy: Di meescht Propriétairen mengen effektiv si hätten den Herrgott matt der dëcker Zéif wëll den Wert vun hirem Häus ëmt 7% geklommen ass.
    Domatt kënnen si sëch awer näischt, an zwar GUER näischt, kafen. Ët sief dann, si giffen vun Lëtzebuerg fortplënneren. Ech mengen nit dass mir eis sollten glëcklich fillen, iwert eng meeschtendeels nët gräifbar plus-value. Schlussendlich ass ët nach ëmmer dat selwicht Häus an deem mir wunnen.
    Wat eis wahrscheinlich méi glëcklich mëcht sin léiw an fein Noperen an duerfir sollen mir effektiv alleguer zesummen schaffen fir di évolutioun an den Grëff ze kréien.
    Soss hun mir op eemol alleguer Spekulaten als Noper.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *