Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesondheet

D’Lëtzebuerger Sprooch an der “santé”! 

D’Lëtzebuerger Sprooch an der “santé”!
Image parFree-Photos de Pixabay

virun e puer Wochen huet de maître Gaston Vogel op dëser Plaz en Artikel geschriwwen iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch an der Justiz. Den Här Vogel, dee sech gären a gutt an der franséischer Sprooch “expriméiert”, ass e fervente Verteideger vum Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch op eise Geriichter, am Sënn vu méi Gerechtegkeet. Esou schreiwt hien an deem Artikel:

Comment ceux qui ne maîtrisent pas le luxembourgeois, peuvent-ils assurer une défense pénale si, par hypothèse, les témoins, tous luxembourgeois, refusent de s’exprimer dans une langue qu’ils ne maîtrisent pas ?

Bégayer en français au lieu de s’exprimer dans la langue qui est la leur ? Ils ont le droit absolu de rejeter la pénible injonction du parler français.

Schonn nëmmen eleng déi eeler Generatioun, déi an hirer Jugend ni d’Geleegenheet hat, fransisesch ze léieren, stéing um Geriicht wéi d’Kand beim Pëtz. Derbäi kënnt, datt Juristen souwisou hire Fachjargon schwätzen, wat d’Kommunikatioun nach méi komplizéiert mécht. Ech ginn dem Gaston Vogel also Recht a senger Fuerderung, datt d’Affekoten missten eis Sprooch léiere schwätzen. Dat nämmlecht gëllt allerdéngs och fir d’Dokter a fir daat ganzt Personal am Gesondheetssecteur.

Gewëssen Toperten, déi vergiess haten an der Schoul opzepassen, kommen an dësem Kontext gär mat Virwërf wéi  Rassismus, iwwerdriwwene Patriotismus, Nationalismus, Xenophobie etc. a verweisen drop, datt et am Grand-Duché 3 offiziell Sprooche gëtt. Dat ass och duerchaus ze begréissen – de Multilingualismus ass eng vun eise Stäerkten-  an et ass ze hoffen, datt d’Englescht sech grad esou an eiser Gesellschaft breet mécht. Ma net jiddereen huet déi nämmlecht sproochlech Kapazitéiten, a wa mir bis aal an teekeleg ginn, da verschwanne lues a lues Vokabular a Grammatik vu frieme Sproochen an et bleift dat iwwereg, wat mir un der Broscht vun der Mamm geléiert hunn a wat dacks mat villen Emotioune verbonne war, och wa mir eis net méi kënnen drun erënneren.

Image parDarko Stojanovic de Pixabay

Mäi Papp loung virun 16 Joer um  Stierwen. An der Agonie huet hien nach probéiert, eppes ze soen. Lénks vu sengem Bett stoung eng däitsch Infirmière, déi hien net verstaanen hat:” Was sagt er?”. Riéds vum Bett eng franséisch Infirmière:”Qu’est-ce qu’il dit?”. An der Mëtt, d’Famill an der Roll vum Iwwersetzer! Bosseg Situatioun!

Et huet ee sech haut dru gewinnt, datt an de Spideeler d’Sprooch vum Astérix geschwat gëtt. Näischt géint keen! Ech bewonneren franséisch an och sos Frontallier, déi Dag fir Dag am Stau stinn, e laangen Trajet hannert sech hunn an dann awer nach frëndlech a gutt opgeluecht sinn; an trotzdeem fannen ech et net korrekt, datt grad am Beräich vum Gesondheetswiesen esou wéineg op Lëtzebuergesch geschwat gëtt.

 

“…ech si mir bewosst, datt  de Secteur ouni d’Frontalier géing an d’Gette falen…”

…esou wéi eis ganz Economie géing kollabéieren, wann d’Grenzgänger net méi déite bei eis kommen. Ma d’santé ass – grad wéi d’Justiz- eppes Besonnesches. Wann ech eng Sprëtz gemaach kréien géint d’Wantergripp, ass et jo eigenlech egal, vu weem d’Nol eragedréckt gëtt. Wann ech awer ganz eescht krank sinn, eventuell schonn de Stierfprozess ugefaangen huet, wëll ech an där Sprooch schwätzen, an där ech mech wuel fillen, am Plaz an enger Friemsprooch mussen ze tuddelen, no Wieder ze sichen a virun allem, d’Ouer grouss opspaanen, wann ech sollt eng Aentwert kréien. Kloer: et gëtt zanter e puer Joer de “mot d’ordre”, datt am Gesondheetssecteur d’Lëtzebuerger Sprooch soll geschwat ginn, ma an der Realitéit ass dat nach laang net ëmmer de Fall! Derbäi kënnt en neie Phänomen: et sinn net nëmmen belsch a franséisch Dokter, déi bei eis kommen, ma ëmmer méi aus scho bal exotesche Länner, Medezinner, déi probéieren, sech ze adaptéieren an op Franséisch schwätzen. Ech perséinlech war rezent zweemol mat esou engem Dokter/ enger Doktesch konfrontéiert an ech hat fatzeg Schwieregkeeten, iergendeppes ze verstoen. Deene Medezinner hiert Franséisch ass definitiv méi schlecht ewéi dem Jos Säint vu Klengwäin- heffen!  Dës Situatioun huet mech trauereg gemaach.

Et mécht awer näischt. Et gëtt jo alles vun der CNS rembourséiert!

gellu?!

Related posts

2 Comments

  1. Danièle Cousin

    Jo ech sichen mir emmer en Dokter deen L schwaetzt ! Wie soll ech soss genau beschreiwen woe sn wie ech weh hun . Meng mamm virum Doed (die gaaanz gut F konnt) hat echt problemer fir sech auszedrecken . Ech fannen an allen Direktionen an den geschaefter muss een L kennen (mist eng bedingung sin fir trapen erop zeklammen) an am Krankheetsweesen muss dat och sin )

  2. G. Veiga-Nierenhausen

    Ech mengen doranner si mer eis scho säit Joeren eens, um Geriicht an am Spidol MUSS letzebuergesch geschwat ginn, Punkt!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *