Recent Posts

Post Categories

Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...
Thierry Simonelli: Luxemburgs Front gegen den Rechtspopulismus 
                                       ...

Blog Post

Gesellschaft

D’Grenz vun der Direkt Demokratie zitt laanscht eng Vëlospist! 

D’Grenz vun der Direkt Demokratie zitt laanscht eng Vëlospist!
Image par Tibor Janosi Mozes de Pixabay

An enger Demokratie ass villes erlaabt, et däerf een esouguer den Uz mat hir dreiwen. Datt dat nawell gären vu Persoune geschitt, déi besonnesch demokratesch wëlle sinn, féiert reegelméisseg déi ganz Situatioun ad absurdum, weist op d’mannst, datt de Bierger nach villes muss léieren am Ëmgang mat deenen demokratesche Spillreegelen.

Zum Beispill wat d’Direkt Demokratie ubelaangt. Op WIKIPEDIA ass hier Definitioun esou nozeliesen: Als direkte Demokratie (auch unmittelbare Demokratie oder sachunmittelbare Demokratie genannt) bezeichnet man – im engeren Sinn[1] – sowohl Verfahren[1] als auch ein politisches System, in dem die stimmberechtigte Bevölkerung („das Volk“) unmittelbar über politische Sachfragen abstimmt. Also zum Beispill e Referendum: d’Regierung preparéiert e Gesetzprojet an d’Vollek äntwert mat ‘jo’ oder mat ‘neen’.

D’Joer 2015 war fir d’lëtzebuerger Regierung politesch en Debakel. Dräi Proposen vun hir goufen vum Vollek mat am Schnëtt enger ekrasanter Majoritéit vun 80 Prozent bei der Däiwel geschéckt, vill dorënner  just aus Frust a Roserei vis-à-vis vu Gambia I, där een allerdéngs muss zegutt halen, datt si de Courage hat, de Referendum iwwerhaapt ze organiséieren. Ma et ginn nach aner Formen vun Direkt Demokratie.

D’Gemeng Lëtzebuerg probéiert et fir verschidde Projeten mat sougenannten Consultations publiques. Et gëtt de Bierger aus engem Quartier e Projet virgestallt, op d’mannst proposéiert, an d’Awunner soen hir Meenung dozou. A wat beweegt de moderne Mënsch méi wéi alles aneschters? Richteg! D’Installatioun vun enger Vëlospist.

Wa  keng Pist do ass, fueren och keng Vëlo! Also dréckt an d’Pedallen! Dat ass awer méi séier gesot ewéi gemaach, an de Schleeken-Tempo vun der Fahrstonn Direkt Demokratie läit net un der Politik, ma um Bierger. Déi blo-schwaarz Majoritéit um Knuedler wëll dem lamperbierger Wonsch nokommen an eng Vëlospist duerch d’Avenue Pasteur installéiere loossen. Woubäi ee muss soen, datt en absolutt groussen Deel vum Lamperbierg souwisou aus Zon-30-Stroosse besteet. Et sief!

D’Gemeng ass elo zanter zwee Joer am gaangen, mat all den interesséierte Leit iwwer dee Projet ze diskutéieren, ze dokteren, ze maache an ze donken, d’Vëlospist vun uewen bis ënnen opzerullen, deene verschiddene Meenungen nozelauschteren a si an eng “x” te Versioun afléissen ze loossen. Gëeenegt gouf sech schliisslech virun der Summervakanz an virgëschter war Biergerversammlung, wou den definitive Projet virgestallt gouf. Déi Gemengeresponsabel hu sech gefreet: nach eemol de Metti um Grill dréien, da kéinten d’Glieser ugestouss ginn. Quetschen och! Politesche Coitus interruptus!

Eng Partie Bierger haten nämlech hier Meenung op en Neits geännert, respektiv, et waren nei Bierger derbäi gestouss a mol net onbedéngt där vum Lamperbierg. Villes wat an deene leschte 24 Méint duerchdiskutéiert an ëmgeännert gouf, war an engem Siess net méi wouer! Dat ass schonn hefteg de Geck gemaach mat där partizipativer Demokratie. An et ginn Lamperbierger, déi echaufféieren sech elo, hunn e béise Verdacht: gréng Sympathisanten géingen vun esou Biergerversammlungen profitéieren, fir den allgemenge Chaos ze suergen, souzesoen als Wullmaus, just am grénge Pelz.

Dat sinn natierlech hefteg Ënnerstellungen, ma d’Vëlos-Taliban kënnen déi frou Botschaft erausginn: déi Liberal an déi Konservativ um Knuedler wëllen iwwerhaapt keng Vëlosweeër, si maache just esou wéi wann. An esou geet de luese Pad vum Drotiesel zeréck an en Aarbechtsgrupp. Et gëtt nämlech tatsächlech en neie Phenomen. Bedéngt duerch d’Pandemie kruten Café a Restaurant d’Méiglechkeet, kleng Terrassen laanscht d’Strooss opzeriichten.

Doduercher koum endlech e bësselche Liewen zeréck an d’stater Quartier. Et wier Schued, wann een dat géing ofschafen, ma et mécht et net méi einfach, fir endlech déi Vëlospist kënnen ze plangen. Elo muss och eng Eenegung fonnt ginn mat den HORECA-Vertrieder. Prost!

Related posts

1 Comment

  1. Gilbert Drui

    Sou schwéier kann Direkt-Demokratie awer net sin, d’Schweitzer machen eis et dach zenter langem vir.
    A noe engem Referendum get (meeschtens) d’Resultat ouni vill Zirkus akzeptéiert. Och wann heiandsdo, muncher ginge soen Vox Populi-Vox Rindvieh, dobei erauskennt. Dat ass awer ëmmer nach besser wéi wann ëppes durch d’Regierung mordicus durchgesat get, a si mer éierlech, kennt do net dax mindestens grad sou vill Blödsinn eraus.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *