Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesondheet

Déi afrikanesch Erausfuerderung! 

Déi afrikanesch Erausfuerderung!
image credits: pixabay

Meng Generatioun geet esou lues an d’Pensioun.Baby boomers gëtt se genannt, aus dem ganz einfache Grond, well d’Leit am Europa vun de Foffzeger Joer, ronn 8/10 Joer nom Enn vum Krich nees e bësselche méi optimistesch an d’Welt gekuckt hunn; an esou sinn dann Iwwerraschungseeër entstaanen, Puppelcher sinn – wéi dat bei mir de Fall war-, gebuer ginn, ouni datt se an d’Familjeplanung eragepasst hätten. Meng Generatioun huet villes bewierkt, muenches verännert. D’Aarbechtswelt gouf e bësselche méi sozial, d’Justiz e bësselche méi gerecht, ouni dës Generatioun kéinten déi Homosexuell sech haut nach ëmmer net bestueden, wär d’Trennung vu Kierch a Staat net méiglech gewierscht, an net ze vergiessen: wär d’Fra net op där Plaaz an der Gesellschaft, wou se elo steet!

Et leien fir dës Generatioun awer nach e puer Hausaufgaben um Broutbried, ier se d’Liicht vun dëser Welt ausgeknippst kritt. Ech denken do, an der klenger Lëtzebuerger Politik, un d’Erofsetzen vun der ëffentlecher Schold, un d’Ofsécheren vun de Pensiounen, an där europäescher Politik un d’Opriichten vun enger politescher a soziaaler Unioun, an der Weltpolitik un e bësselche méi Fridden, manner Krich. Schliisslech hunn déi meescht vun eis och Kanner op d’Welt gesaat, an et wëll ee jo kee Saustall hannerloossen. A fir d’Generatioun no eis wäert de Kontinent Afrika eng absolutt Erausfuerderung ginn!

“An 30 Joer liewen an Afrika iwwer 2 Milliarde Mënschen!!”

De Jacques Attali huet et am “L’Express” vum 20. Juni op de Punkt bruecht. Vun deenen 2 Milliarde Mënschen wäerten der wuel eng Partie zu der klenger Bourgeoisie gehéieren, deenen et net ze schlecht geet; et kann een awer derfunner ausgoen, datt iwwer eng Milliard Mënschen keng Aarbecht huet, näischt fir ze räissen an ze bäissen, kee Waasser, dofir awer masseg Leed a Misär. Si hunn deen Ament all Uursaach, hiert Land, hier Heemecht ze verloossen an hiert Gléck um Kontinent Europa ze probéieren. D’Rechnung vum Attali: wann och nëmmen 1 Prozent vun deenen zwou Milliarden decidéiert, de Wee an Europa ze maachen, da kommen bannent engem Joerzéngt 200 Milliounen Afrikaner bei eis uklappen. D’Fro brauch ech wuel net ze stellen, op d’Spuenier deen Ament bereet sinn, 100,200,2000 Schëffer à la Aquarius opzehuelen, oder?! Et ass evident, datt d’Europäer sech an esou engem Scenario géingen géint déi grouss Migratioun wieren, se an engem permanente Krich op de Grenze misste sinn.

 

D’Léisung läit an Afrika selwer. Keen eenzege Flüchtling verléisst gären seng Heemecht, ausser, hie leeft viru Bomme fort oder gëtt vun Honger an Duuscht gedriwwen.

… fir lanscht deen Desaster ze kommen, muss elo massiv an Afrika investéiert ginn…

Also gëllt et elo ze reagéieren! Den afrikanesche Kontinent muss massiv ënnerstëtzt ginn, matt Milliarden Euro.Déi néideg Infrastrukturen an Aarbechtsplaze musse geschafe ginn, d’Leit mussen Zukunftsperspektiven opgemaach kréien. Dës Ënnerstëtzung hätte mir schonn viru Joerzéngte musse maachen, bedeitend méi staark ewéi dat bis dato de Fall ass. Mir hätten dat onbedléngt musse maachen, aus moraleschen Iwwerleeungen an och, aus enger Responsabilitéit eraus vis-à-vis vun enger kolonialistescher Vergaangenheet. Haut musse mer et aus enger anerer a weiderer Uursach maachen: et bleiwt eis sos näischt iwwereg! Et gesäit allerdéngs net gutt aus! Wéi schreiwt de fréiere Lëtzebuerger Ambassadeur Jean Feyder kierzlech am LW, mat Bezuch op déi lescht Sëtzung vum Europaroot:”Une nouvelle fois, l’UE s’est distinguée à traiter les symptômes du problème, mais à en ignorer soigneusement les causes. Aucun des chefs d’Etat et de gouvernement ne semble intéressé à vouloir créer les conditions nécessaires pour que les Africains ne doivent plus partir…”! Traureg, ma schonn an e puer Joer riskéiere mir, brutal erwecht ze ginn!

Related posts

1 Comment

  1. Patrick Jung

    In Afrika, sei es nördlich oder südlich der Sahara läuft die Mittelschicht fort, der “Stärkste” wird vorausgeschickt um die anderen Familienmitglieder später nachkommen zu lassen. (Wer nichts zu essen hat kann sich die Reise nicht leisten)

    Viele afrikanischen Länder sind strukturell und politisch kaputt. Es ist einfach die Schuld immer auf andere zu schieben, Fakt ist und bleibt dass ein sinnvolles Wirtschaften kaum möglich ist. Dabei ist Afrika der Kontinent der die meiste Entwicklungshilfe bekommen hat, China, Indochina und andere Gegenden dagegen kaum. Sie hatten nur fleißige strebsame Menschen, die bereit waren für einen Hungerlohn zu schuften und so immer stärker Investitionen angezogen haben und tun. Kulturell waren sie geeignet funktionierende gesamtstaatliche Strukturen zu schaffen, die abseits jedweder Demokratie eine wahren wirtschaftlichen Boom auslösten. Singapur ist ein gutes Beispiel wie so etwas sogar in einer multikulturellen, multiethnischen und multireligiöser Umgebung funktionieren kann. Nicht von außen sondern mit starker Hand von innen wurde es geschafft. Gleichzeitig beweist dies die totale Pleite der obernäsigen europäischen Entwicklungspolitik.
    Ein Staat muss von innen heraus funktionieren und braucht dann die Chancen der wirtschaftlichen Teilhabe. Funktioniert er, und ist er noch so arm, wird er sich entwickeln können.

    China hatte sogar rechtzeitig eingesehen, dass es bei fortlaufender Bevölkerungsexplosion chancenlos ist. Es hat die Bevölkerungsexplosion wirksam begrenzt und eine starke Entwicklung zu einer industriellen Weltmacht hingelegt. Nicht Caritas hilft nachhaltig, arbeiten und gesunder Menschenverstand helfen.

    Für große Gebiete Afrikas sehe ich schwarz. Entweder sie sind durch religiösen Fundamentalismus gefesselt und oder sie stellen keine wirklichen Staaten dar sondern sind korrupte kriminelle Veranstaltungen. Man kann eben nur an den Früchten der Globalisierung teilhaben wenn man ein funktionierender Nationalstaat ist. ( malko & pj )

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *