Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Politik

De “klenge Mann vun der Strooss”: mir gi lénks leie gelooss! (1) 

De “klenge Mann vun der Strooss”: mir gi lénks leie gelooss! (1)
Image parHorst Tinnes de Pixabay

de “klenge Mann vun der Strooss”, gouf alt mol fréier gesot; haut si mir méi gender-friendly a schwätzen och vun der klenger Fra a maaachen esouguer e * derbei, fir dat drëtt Geschlecht net ze vergiessen. Dee “Klengen” ass deen, deen um ënneschten Träpplek vun der Soziaalleeder steet. Et gouf deen nach ëmmer, an et wäert hien och weider ginn, nëmmen säi Rôle an der Gesellschaft ass am gaangen, ze änneren. Dat sinn déi Leit, déi sech an der Gesellschaft verluer virkommen, am Stach gelooss fillen. Dat sinn déi Leit, déi sech vun den traditionnelle Parteien enttäuscht soen an dohir entweder guer net méi wiéle ginn oder awer aus Protest de Populisten eng Stëmm ginn. Dat sinn déi Leit, déi mengen, datt fréier alles besser war, an also géint d’Europäesch Unioun sinn, grad ewéi géint den Euro.

datt Staat a Politik näischt fir dës Leit ënnerhuelen, stëmmt allerdéngs net. Déi verschidde Regierungen hunn sech zanter Joerzéngten de Sozialstaat eppes kaschte gelooss; an dëse Kontext mussen och gesaat ginn rezent Decisiounen, ewéi den ëffentlechen Transport an d’Crèchen gratis ze maachen an de Mindestloun ëm 100 Euro eropzesetzen. Dat kascht eng Staang Suen an entlaascht déi méi modest Stéit kräfteg.

Image parPeter Fischer de Pixabay

An nawell soen déi “Kleng”, mir gi vergiess! Sinn et iere Leit, deenen et ni duergeet, déi d’Strass net kënne voll kréien? Natiirlech sinn där Persounen drënner, ma et ass dach ze simplistesch als Explikatioun. Dës Leit hunn et ëmmer nach enorm schwéier, iwwerhaapt eng Aarbecht ze fannen, vu Wunneng net ze schwätzen, a virun allem hunn si d’Gefill, an der Weiderentwécklung vun der Gesellschaft net däerfen op dee leschte Waggon  matt opzesprangen: si ginn um Quai stoe gelooss, hir Zukunft ass ongewëss!

Beispiller ginn et genuch! Nissan a Ford hunn an de leschte Wochen ugekënnecht, zig dausende Leit ze entloossen. Batter fir déi betraffe Leit, ma d’Decisioun muss sinn.

Image parIan Lindsay de Pixabay

D’Geschäfter laafen net ëmmer d’nämmlecht gutt a mam Elektroauto gëtt et net besser. Dee Woon besteet an der Moyenne nach just aus 400 bis 800 Eenzeldeeler, woubäi den traditionnelle Motorauto aus 4000 Eenzeldeeler muss zesummegesaat ginn. Dat bedeit  mam tout électrique vill manner Muskelschmalz, also manner Personal.

 

Gréng Ayatollah – wéi de Laurent Alexandre se regelméisseg am l’Express  (ver)nennt, hätte gären a Frankräch an an Däitschland, datt d’national Volen – also zum Beispill vu Paräis op Marseille-, sollten an Etapen ofgeschafe ginn, an zwar aus Co2-Iwwerleeungen. Ofgesinn dovunner, datt et laut Statistik grad déi gréng Wielerschaft ass, déi den Avion hëllt, gëtt dobäi guer net dru geduecht, datt dat d’Enn bedeit vun de klenge Flughäfen, datt also dausenden Aarbechtsplaazen mussen ofgebaut ginn, Aarbechtsplaazen, déi dacks fir déi sougenannte “Kleng” sinn. A wann de Flughafen net méi fonktionéiert, geet eng Stad, eng ganz Regioun wirtschaftlech zugronn!

De klenge Mann vun der Strooss huet scho mol viru Méint de giele gilet ugedoen, fir op sech opmierksam ze maachen. Zu Lëtzebuerg huet sech viru Wochen d’Initiative orange geschaafen; dës Beweegung ass nach ze jonk, fir genee ze wëssen, wat si wëll, wou si wëllt hinn, ma och hei di sech Stëmme breed, déi sech vun der Politik a vu groussen Deeler vun der Gesellschaft vernooléissecht,ongerecht behandelt fillen, déi vun Ongerechtechkeeten vun uewen no ënne schwätzen….

 

 

 

Related posts

1 Comment

  1. Alain

    Den effentleche Transport gratis ze man as dei greissten Idioteschkeet.
    Daat waat Konsequenzen doduerch sin, daat wärt nach mei kaschten wei dir all mengt.
    A gleewt mir, fast wärt nach beiss wei soen!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *