Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesondheet

Coronavirus- Gewurschtels an de Cornichongen?! 

Coronavirus- Gewurschtels an de Cornichongen?!
Image par Gerd Altmann de Pixabay

ech si komplett averstaanen mam Chefredakter Sabharwal aus dem Tageblatt, deen do schreiwt: ” Wer nur leise zweifelt, gilt in Zeiten der Coronakrise als weltfremd. Ein Ausnahmezustand, den es kritisch zu beobachten gilt? Unsolidarisch. Eine atemberaubende Geschwindigkeit, mit der Bürgerrechte (theoretisch) ausgehebelt werden können? Unrealistisch. Die politischen Machtgefüge während einer Krisensituation beschreiben? Geschmacklos. Wer sich von solchen Diskursen beeindrucken lässt, trägt vermutlich bald eine sehr große Schere im Kopf. Dabei ist Selbstzensur das Letzte, was eine aufgeklärte Gesellschaft während Krisenphasen braucht.”

An anere Wieder: et ass elo net de Moment fir d’Presse, déi kleng politique politicienne um Krautmaart ze suivéieren an ze kommentéieren, ma et muss dach erlaabt sinn, d’Politik vun der Regierung a Saachen Kriisemanagement ze hannerfroen. Eng

Image par Sumanley xulx de Pixabay

Regierung, déi souwéisou RTL Radio an Tele komplett fir sech “confiskéiert” huet, mam ongeschriwwenen Accord: Mir liwweren Informatiounen, Dir stellt keng Froen! An esou gëtt et da méiglech, datt eng ugekënnegten Pressekonferenz mam Lex Delles kuerzfristeg ofgesot gëtt, well de Minister léiwer den Dag drop als invité vun der Redaktioun wëll optrieden!

et héiert een nun awer vill Gegrommels, zum Beispill aus dem Beräich Santé, wou dacks déi eng Hand net weess, wat déi aner mécht! Ass eng guideline eraus, déi festleet, ween onbedéngt MUSS schaffen? Niewt den Dokter, d’Infirmier, wee sos? Wéivill Better kënne maximal an d’Intensivstatioun? Kann et sinn, datt an engem Spidol all d’Kinésitherapeuten sech ofmellen, aus Angscht, ugestach ze ginn? Dobäi ginn jo nach ëmmer Persounen an de Kliniken operéiert a sinn op dee Kiné ugewisen! Wéi steet et ëm d’Schutzkleeder an ëm d’Gesiichtsmasken- wou en Deel elo schliisslech e Méindeg vun eise chineesesche Frënn soll geliwwert ginn?

Onzefriddenheet gëtt et wuel och mam Inneministère! Gemengepäpp a -mammen iergeren sech driwwer, datt si am Stach gelooss ginn, souzesoen an enger politescher Quarantaine isoléiert wieren. Grouss Gemengen wéi d’Stad Lëtzebuerg kënnen sech do nach hëllefen, kleng Gemengen sinn op d’Ënnerstëtzung aus der Beaumont’s-Gaass ugewisen: wat fir Personal op enger Gemeng MUSS schaffe goen? D’Fro ass -trotz Gemengenautonomie- berechtegt, well op där enger oder anerer Plaz de Buergermeeschter quasi den Eenzegen op senger Märei ass!

Image par Gerd Altmann de Pixabay

Wat ass virgesinn fir den extreemen Noutfall an enger Gemeng? Besteet d’Méiglechkeet, Personal ze rekisitionnéieren? Gegrommels och bei der Polizei, déi virgëschter gerëselt gouf mat gläich 6 Corona-Fäll aleng an der Cité Policière. Een Deel vun der Aarbecht bei der Police gëtt hannert dem Bureau gemaach, hir Direktioun wëll allerdéngs kee sougenannten Home Office aféieren!

et ginn vill Froen ze stellen, an d’Vollek erwaard sech déi och vum Journalismus! Et geet net drëm, d’Regierung an hire Kriisenmanagement kabott ze rieden, ma kritesch ze begleeden. Ech ënnerschreiwen voll a ganz dem Tageblatt-Editorialist seng Iwwerleeungen: “Es sollte legitim bleiben, den Führungsstil von Politikern wie Premier Xavier Bettel und Gesundheitsministerin Paulette Lenert zu analysieren. Denn gerade in solchen Momenten verschiebt sich die Machtbalance in einem Staat. Der aktuelle Ausnahmezustand ist der beste Beweis hierfür. Während Politiker in ruhigen Zeiten mit Schein-Events und anderen PR-Gags um Aufmerksamkeit buhlen, verlangt eine sanitäre Krise echte Führungsqualitäten. Wer in solchen Schlüsselphasen Gefahren falsch einschätzt, entwickelt Strategien, die sinnvolles Risikomanagement und die Einleitung lebensrettender Gegenmaßnahmen verhindern”. Wëll soen: den Ausnahmezoustand ass kee klengen Dreck!

Den 23. Januar huet d’Tageblatt de lëtzebuerger Gesondheetsministère zitéiert, mat de Wieder: Risiko in Luxemburg “sehr gering”. D’Land wier gutt opgestallt am Kampf géint de Virus aus China…Sekundärinfektiounen wieren awer net ausgeschloss! Ieren ass mënschlech….

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *