Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Finanzen

Coronavirus: D’Kris no der Kris! 

Coronavirus: D’Kris no der Kris!
Image par Juraj Varga de Pixabay

et gëtt Leit, déi sinn der Meenung, de Coronavirus – geplotene Mënsch hätt elo besser Zäit. Hie kéint endlech iwwert säi Liéwensstil als homo consumens nodenken, am Genre: brauch ech wierklech en neien Handy, muss eng Posch vu Louis Vuitton tatsächlech sinn?! Nodenken och iwwer d’Flüchtlingsproblematik, woumadder wuel éischter iwwerdenken gemengt ass. Et kéint awer sinn, datt dem Mënsch guer net esou vill Zäit iwwereg bleiwt.

Iergendwann – a 6 bis 18 Méint- huet dee Virus eis definitiv verlooss. Bannent den nächste Wochen wäerten sech e puer dausend Leit infizéiert hunn, deen een oder aneren wäert et net iwwerliewen. Mir sinn den Ament an engem Ausnahmezoustand, deen allerdéngs net éiweg kann unhalen! Eis Wirtschaft packt dat net! Schonn haut ass de Schued grouss!

Image par Steve Buissinne de Pixabay

Beispiller am Klengen illustréieren am Beschten, wat fir e massiven Asaaz op de Staat duerkënnt: am Zentrum vun der Stad Lëtzebuerg muss e Restaurant ëm déi 40.000 Euro Loyer de Mount bezuelen an nach emol iwwer 100.000€ fir d’Léin plus Nierwekäschten fir eng 40 Ugestellten. Déi Salarié kommen an de chômage partiel, sinn also finanziell ofgeséchert, ma leien dem Staat um Pelz. Wann de Proprietaire vum Gebai net dee schicke Geste mécht an de Loyer noléisst – wéinstens fir e Mount-, dann ass de Restaurant bannent kierzester Zäit krupps a seng Leit mussen en neie Patron sichen.

Aehnlech Beispiller ginn et wéi d’Hierken an der Tonn! Vill Botzfraen sinn den Ament ouni Aarbecht, bei den Taxichauffeur rullt den Euro net wéi sos, d’serveur/sen a Bistrot a Restaurant dréien doheem d’Daimercher, d’Verkeefer/innen, d’Fliigerflott vun der Luxair steet op NUll, Good-Year gëtt kee Gummi méi, d’Handwierk ass am Leerlauf, an,an,an….(.) Kommen all dës Leit ënner de Prabbeli vum chômage partiel? Wéi laang? Den Ament huet den Aarbechtsminister Dan Kersch mol 500 Milliounen fir de fonds de l’emploi “reservéiert”!

Et soll net un de Suen hänken! seet d’Regierung fir ze berouegen, woubäi keen den Ament ka soen, mat wéivill dës Wirtschaftskriis zu Buch schléit! D’Rechnung gëtt allemol bedeitend méi deier, wéi d’Bankekriis! De Staat bezillt, an de Staat si mir alleguerten.

Den Optrëtt vum Wirtschaftsminister Franz Fayot um Freideg Owend huet wéineg iwwerzeegt, weder vun der oraler Prestatioun hir, nach vum Inhalt. Wann de Staatsminister betount: mir loosse keen am Reen stoen  esou war dem Här Fayot seng Ausso: mir kënne wahrscheinlech net all Betriib hëllefen! Eng onglécklech Ausso, déi matt Sécherheet zu den Existenzängschten vun de Fräiberufler bäigedroen huet. Virun allem awer soll d’Ënnerstëtzung fir d’Ekonomie séier an onkomplizéiert ausfalen: d’Handelskammer fäert, datt d’Regierung e Pobeiertiger entwéckelt, datt munnech Betriber iwwer dem Ausfëllen vun de Paperassen de Schlëssel ënnert den Täppeg musse leeën!

Image par Gerd Altmann de Pixabay

E Betrib kann neierdéngs bis zu 800.000 Euro Ënnerstëtzung kréien. Héiert sech no vill unn, ma dat wäert just fir e puer ganz grouss Gesellschaften a Fro kommen. D’Chambre de commerce goung bis virun e puer Deeg vun enger finanzieller Enveloppe aus an der Gréisstenuerdnung vun 54,5 Milliounen Euro; verdeelt op all d’Betriber am Land géing dat just 1500€ ausmaachen. Dat geet nimools duer!

Dobäi handelt et sech wuelverstanen ëm Direkthëllefen fir d’Economie. Eng ganz Partie Betriber wäerten allerdéngs nohalteg ugeschloen aus dem Coronavirus-Debakel erausgoen. Beispill: d’Luxair. Et kann een elo scho soen, datt d’Summergeschäft wäert defizitär ausfalen. Eng staatlech Ënnerstëtzung op e puer Joer fir eng Partie Gesellschaften zeechent sech of, an dat kéint an de Staatsbeidel aschloen! Eisen däitschen Noper schwätzt elo schonn vun enger Finanzenveloppe vu 600 Milliarden a vun enger Neiverschëldung vun 150 Milliarden Euro!

jiddereen taascht den Ament am Däischteren, an esou gëtt sech och ënner Politiker hefteg gestridden. Et ass kaum dervunner auszegoen, datt d’Steierreform eng politesch Prioritéit bleiwt. Déi sougenannten Oekosteier -mat enger Hausse vun den Accisen op Sprit a Brennes- gehéiert hoffentlech zu enger provisorescher Vergaangenheet: d’Leit ginn an den nächste Méint a Joer genuch gebeidelt, well de Staat, dee si mir alleguerten an dee Staat brauch dréngend Kapital! Et wier schonn vermessen, vun de momentan aussergewéinlech nidderegen Spritpräisser ze profitéieren a quasi ongemierkt eng Hausse vun den Accisen ze decidéieren.

Dofir verstinn ech absolutt net d’Ausso vum STATEC-Direkter Serge Allegrezza, deen am Paperjam zitéiert gëtt, mat de Wieder: Mat e bësselche Chance kënnt Lëtzebuerg laanscht eng Rezessioun! Vu wat fir enger Méck ass dee Mann da gepickt ginn?! War et just fir ze berouegen? Da gëtt d’Erwechen an e puer Méint ëmsou méi brutal! Däitschland rechent mat engem wirtschaftlechen Abroch vu 5 Prozent!Duergéint deelen ech dem Mann seng Aschätzung, datt duerch de Virus däitlech gouf, datt et am Grand-Duché net genuch Kliniken gëtt!

Image par Sasin Tipchai de Pixabay

Mir poteren dacks iwwer de Millioune-Staat a gesinn net méi wäit ewéi eis Nuesespëtzt! D’nämmlecht wéi mir zimmlech spéit en zweete Prisong decidéiert hunn! Wann d’Populatioun wiisst, klëmmt d’Kriminalitéit deementspriechend a klammen och déi gesondheetlech Besoinen. Oder ass et normal, datt eng Fra mat hirem Kand 12 Stonne muss an der Urgence waarden?

Esou gesinn bleiwt eis iwwerhaapt keng Zäit, iwwer Handy a Louis Vuitton’s-Posch nozedenken. Mir si längst schonn nees am Hamsterriédchen dran! An ech hoffen, datt de Finanzminister Pierre Gramegna op senger Pressekonferenz déi aner Woch souverän eriwwerkënnt, mat Propositiounen, déi eis e Wee aus der Kriis undeiten. D’Regierung huet bis elo gutt geschafft, et gëllt haut, u muer ze denken…(.)

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *