Recent Posts

Post Categories

Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...
Thierry Simonelli: Luxemburgs Front gegen den Rechtspopulismus 
                                       ...

Blog Post

Gesondheet

Coronavirus: ass dat Schlëmmst bei eis schonn iwwerstanen? 

Coronavirus: ass dat Schlëmmst bei eis schonn iwwerstanen?
Image par Alexas_Fotos de Pixabay

D’Flinten-Uschi ass grad am gaangen, sech lächerlech ze maachen. D’EU-Kom-missionspresidentin hat sech Woche laang net a Saachen covid-19 zu Wuert gemelt. Si war mat hirem green deal um Mound hänke bliwwen a probéiert elo, sech ze rattrapéieren: d’Madame von der Leyen weist sech op Twitter a facebook, wéi si d’Hänn am gaangen ass, ze wäschen, an zwar richteg! Willst du viel, wasch mit Pril!

Gläich eng ganz Partie europäesch Länner kruten oder kréien Schutzkleeder a Gesiichtsmasken aus der Volleksrepublik China; Italien kruut logistesch Hëllef vum béise Russ an och vu Cuba!  Dat weist eis, wéi schwaach den europäesche Kontinent opgestallt war, fir dëse Krich géint de Virus. E bësselchen schummen ech mech schonn fir dat räicht Europa, grad esou wéi ech mech schummen fir seng Flüchtlingspolitik!

ebësselchen houfereg sinn ech par contre op Lëtzebuerg. Ofgesinn vun e puer hystereschen Amenter um Ufank vun der Kris, halen d’Leit sech zu 95 Prozent un d’Spillreegelen. Et zeechent sech of, datt dat exponentiellt Klammen vun den Nei-Infektiounen glécklecherweis net esou hefteg wäert ausfalen, wéi et gefaart gi war. Obwuel, et ginn Beruffer déi besonnesch exposéiert sinn. Niewt de Gesondheetsberuffer ass dat zum Beispill d’Police. An hire Reien ass d’Zuel vun de positiven Tester vun 7 Fäll e Freideg op 15 um Méindeg geklommen. Also iwwer de Weekend eng Verduebelung!

D’Gewerkschaften haten eng Entrevue mam Minister Bausch iwwer Skype. D’Generaldirektioun huet op enger Partie Punkten mussen noginn, och a virun allem wat hir Blokade géint den Teletravail ugeet. Eng note de service schreiwt elo och vir, datt den zweete Polizist hanne riets muss sëtzen. D’Equipen déi op Patrull fueren, sollen och net méi stänneg wiesselen, sou datt ëmmer déi nämmlecht Polizisten erausfueren.

natiirlech gëtt et eng Hellewull kleng Saachen, Ongereimtheeten, Onklorheeten an der Kommunikatioun, iwwer déi ee sech kéint opreegen. Ma esou Kritik ass den Ament net ubruecht, nom Moto Augen zu und durch! Ëmsou méi wou déi frësch gebaken Gesondheetsministesch eng gutt Aarbecht mécht. Wann si esou weider fiert op engem parcours ouni gréisser Feeler, da wäert d’Madame Paulette Lenert am nächste Politmonitor als shooting star bei de Sozialisten ervirgoen; ech kéint mir gutt virstellen, datt si – virausgesaat, et leeft alles riicht- nächst Spëtzekandidatin gëtt, fir d’LSAP an d’Nationalwahlen ze féieren.

Ech begréissen och, datt grouss Gemengen wéi d’Stad Lëtzebuerg an Esch de Geschäfter de Loyer noléisst, déi e Gebäi lounen, dat der Gemeng gehéiert. Déi Loyer sinn souwisou net héich, kaschten d’Gemeng also net fuerchtbar vill, ma et ass e flott Zeechen gesat. Et wier schéin, wann d’Proprietairen vun den Haiser an der Groussgaass an déi Richtong nozéien, ma do dreemen ech wuel….

wann den Ament also déi gesonndheetlech Situatioun net katastrophal ass, esou maachen ech mir dach Gedanken iwwer déi wirtschaftlech Kris, déi sech ukënnegt. An iwwer de Corexit! Déi ablacklech Moossnahmen géint de Virus goufe fir 14 Deeg geholl, mat der Méiglechkeet, an d’Verlängerung ze goen. Fir déi nächst 5 bis 12 Deeg muss d’Regierung e Plang stoen hunn, fir lues a lues d’Wirtschaft nees un d’Dréien ze kréien. Dat ass méi liicht gesot, ewéi gemaach!

Sollen deen Ament d’Geschäfter nees alleguerten hir Diren opmaachen? Wéi ass et mat Café a Restaurant? D’Handwierk? De Bau? Et ass wuel nach ze fréi, doriwwer an der Ëffentlechkeet ze diskutéieren, an nawell ass d’Regierung forcéiert, elo schonn driwwer nozedenken an e méigleche Plang opzestellen!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *