Awer éischter Donald Trump?

1
352
Image par Pete Linforth de Pixabay

Ween et wot, de Phenomen Trump ze explizéieren, leeft d’Gefor, sech zum avocat du diable ze maachen. Trotzdeem sollt een et probéieren, besonnesch zanter der leschter Nuecht, no engem weideren face-à-face op der Televisioun Trump-Biden. Esou en Optrëtt gëtt jo gären och als Duell vun zwee Kontrahenten bezeechent, déi Däitsch schwätzen vun Schlagabtausch. Da loosse mir beim Box-Sport bleiwen.

Do hätt den Trump de Virdeel, datt hien champion sortant ass. D’Box-Riichter – an dësem Fall d’Wieler- géingen éischter hir Punkten/Stëmmen deem ginn, deen den Titel dréit, ausser, hien ass k.o. gaangen. Dat war gëschter net de Fall. Am Géigendeel!

Den Donald Trump huet iwwerrascht: hie war disziplinéiert an huet tatsächlech mat Amenter argumentéiert. Virun allem huet hien et fäerdeg bruecht, den Joe Biden an d’Defensive ze drécken, dee méi wéi eng Kéier an de Seeler houng. Hien huet esouguer eng Kéier kuerz op d’Auer gekuckt, esou wéi wann hien op de Gong gewaart hätt. Dem Trump war et gelongen, den Joe Biden als Schlofpëll blouss ze stellen a sech selwer an d’Vitrine ze stellen als President, dee sech ëm Amerika këmmert. De face-à-face gëschter Owend goung kloer no Punkten un den Trump an dat 10 Deeg virun de Wahlen! Hätt den Trump an der Pandemie net esou komplett versot, den Numm vum nächste President stéing fest.

Souwisou däerf net vergiess ginn, firwat den Trump viru 4 Joer iwwerhaapt konnt gewielt ginn. Et war eng Trotz-Reaktioun vum einfache Vollek géint den establishment zu Washington, aus engem Ënnerdréckungsgefill vun ‘deenen do uewen’ géint den Otto-Normalverbraucher. Deen Otto versteet d’Politik net méi, déi tatsächlech ëmmer méi komplizéiert gouf, ma dee Bierger Lambda stellt eng breet Majoritéit duer: et ass hien an net den estabishment, deen an de Wahlen d’Soen huet.

an der Pandemie war d’Mask vum Trump definitiv gefall. Dat einfacht Vollek huet sech net genuch gefouert, geschützt gefillt, also de facto net genuch vertrueden. An esou goungen dem Trump seng Wäerter an de Keller. Dobäi koum den Joe Biden ni iwwer den image eraus vum méi klengen Iwwel. Sollt dee Mann nächste President ginn, da gréisstendeels als Reaktioun op 4 grujeleg Trump-Joer am Wäissen Haus. An deen wäert als Gewënner vum Duell alles dru setzen, dee verluerene Fiduz vum Wieler zeréck ze kréien.

Eng Decisioun am photo finish kënnegt sech un. Nees eng Kéier eng Mëschung vun Donald, Dagobert a mam Gléckspilz Gustav?

 

1 COMMENT

  1. Bonjour
    Huet den trump dann wirkelech an der pandemie sou immens versoot??
    Hien huet kengem verbuesen ee mask un ze doen, mee heen verdreit en eben net an et ass jo och oft henuch gesoot gin dass den virus durch den mask schal oder bouffe durch geet also ass et esou falsch fir se net unzepreisen?
    En plus huet hien an amerika net mei doudeger pro million wie mir an europa mat eisem gedeesems .
    An hien wollt nie seng wirtschaft un d mauer fuhren wat eis politiker jo anscheinend mat freed machen.
    An nach eppes ass mega wichtech beim trump.
    Hien huet nach keen krich ufefaang an au contraire als vermettler bei den arabescven länner groussen succes verbucht. Och mat nordkorea an mat russland probeiert hien sech ze verdroen. Hien mecht leiwer een deal wie een krich. An daat verdengt an mengen aan absolut nach eng keier 4 joer. Vielleicht leiert hien och nach mei charismatesch ze gin an manner arrogant eriwer ze kommen an dann ass hien gur net esou schlecht wie hien emmer gemaat get.

KOMMENTAAR

Please enter your comment!
Please enter your name here